D’Qualifikatiounsphas vun der eenzeger offizieller nationaler eSport-Competitioun fënnt online den 13., 20. an 21. Dezember statt.

Am Ganzen dierfen 32 Spiller un der regulärer Saison deelhuelen, fir den offiziellen nationale Champion am EA SPORTS FC™ 26 ze ginn a Lëtzebuerg op internationalem Niveau ze vertrieden.

Et ass offiziell: D’Saison 2026 vun der Orange eLeague gëtt am Februar a Mäerz 2026 gespillt, mat der Finall am Abrëll. "Mir si ganz frou, dës nei Editioun kënnen ze presentéieren, déi a ganz enker Zesummenaarbecht mat Orange Luxembourg entstanen ass", erkläert de Gilles Faber, Vertrieder vun der FLF. "Haut riichte mir eis un all déi, déi un der Saison 2026 wëlle matmaachen. Mir invitéiere si, sech fir d’Qualifikatiounsphase anzeschreiwen. Déi fënnt den 13., 20. a 21. Dezember statt a bestëmmt déi 32 Spiller, déi sech am EA SPORTS FC™ 26 géinteneen duelléieren.“

Eng Competitioun fir jiddereen

Den éischten Dag vun der Qualifikatioun den 13. Dezember, ass fir jiddereen op, egal ob een zu Lëtzebuerg wunnt oder aus dem Ausland kënnt. An der Vergaangenheet huet d’Orange eLeague schonn eSportler aus Dänemark, Portugal an aus der Belsch empfaangen.

Déi zwou aner Qualifikatiounsdeeg, den 20. an 21. Dezember, si fir Residenten zu Lëtzebuerg reservéiert, fir hinnen d’Méiglechkeet ze ginn, sech eng Plaz an enger vun den zwou Divisiounen ze sécheren: "Wa si decidéieren, matzemaachen, si sechs Spiller scho sécher an der éischter Divisioun dobäi. Dat sinn déi Top 5 aus der leschter Saison an de Gewënner vun der zweeter Divisioun“, sou de Gilles Faber weider. "Fir déi aner ass nach alles op: 26 Plaze bleiwen ze verdeelen, opgedeelt op déi zwou Divisiounen."

Déi, déi bei der Qualifikatioun wëlle matmaachen, kënnen dat iwwert e Club maachen, deen der FLF ugehéiert, andeems si mat deem a Kontakt trieden. Si kënnen och iwwer d’Websäit vun der Orange eLeague e Kontakt mat engem Club sichen, deen nach Spiller sicht.

Wien trëtt d’Nofolleg vum Ivanilson un?

Dës Saison versprécht spannend ze ginn. Si wäert och weisen, wien den aktuelle (a véierfache) Champion Ivanilson ofléist. De lëtzebuergesche Spiller huet de Club vun Atert Biissen verlooss an spillt elo bei Angers an der eLigue 1 McDonalds. Hie verléisst domat den nationale Championnat a mécht Plaz fir en neie Champion: "Mir freeën eis ze gesinn, datt Spiller, déi mir zanter Jore begleeden, sech weider entwéckelen an et an d’professionellt Ëmfeld packen", seet Barbara Fangille, Head of Communication bei Orange Luxembourg a Co-Organisatrice vun der Orange eLeague. "Zanter dem Ufank vun dësem Projet, zesumme mat der FLF, ass et eist Zil, den eSport zu Lëtzebuerg ze fërderen a lokal Talenter z'entdecken, mat der Hoffnung, si op internationalem Niveau ze gesinn.“
Zur Erënnerung: De Gewënner vun der Saison kritt d’Chance, säi lëtzebuergesche Club an der eCL League-Phase ze vertrieden. Hie kann och un den "FC Pro World Championship Play-Ins" deelhuelen.
 
Nei Feature fir méi Spannung

Mat der neier Saison kommen och e puer Neierungen. Déi éischt betrëfft d’Auswiel vun de Spiller an de Kaderen. Dës gëtt elo iwwer en "Draft"-System gemaach: "Dat ass eng zousätzlech Erausfuerderung, eng Première zu Lëtzebuerg, déi vun EA SPORTS virgeschloe gouf. Si soll fir méi Diversitéit a méi Challenge suergen. An der Vergaangenheet konnte Mbappé oder Ronaldo an de meeschten Ekippe fonnt ginn. Elo ass et esou: Wann e Spiller eemol gewielt gouf, däerf en net méi an enger anerer Ekipp optrieden", erkläert Gilles Faber. "D’Spiller mussen dat an hirer Taktik berécksiichtegen a gutt auswielen."
Eng aner Neierung: D’Spiller spillen hir Matcher an engem speziell aménagéierte Raum vun der Orange eLeague, fir déi bescht méiglech Verbindung ze garantéieren.
 
Eng Saison déi spannend gëtt

Wéi d’lescht Joer kritt d’Saison och dëst Joer en nationale Foussballspiller als Pätter, respektiv Giedel. Dëst Joer ass et d’Laura Miller, Kapitänin vun de Rout Léiwinnen. D’Matcher ginn erëm op Twitch iwwerdroen, fir datt esou vill Leit wéi méiglech kënnen dobäi sinn.
"Mir si ganz frou, de Wee zesumme mat der FLF am Beräich eSport zanter sechs Joer weiderzegoen“, seet Barbara Fangille zum Schluss. "All Joer leeë mir d’Lat méi héich a bréngen Neierungen, fir den eSport zu Lëtzebuerg virunzebréngen. Dës nei Saison versprécht spannend a voller Iwwerraschungen ze ginn.“

Weider Infoen ginn et um offizielle Site vun der Orange eLeague oder op de soziale Medien:

Facebook: https://www.facebook.com/OrangeEleagueLu                    
X: https://twitter.com/eleaguelu  
Instagram: https://www.instagram.com/eleaguelu/                      
Twitch: https://www.twitch.tv/eleague_lu