
Kënnen de Sergio Pérez an de Valtteri Bottas dës Energie 2026 a Punkten an eventuell Podiumen ëmwandelen?
Um fréie Méindegmoien eiser Zäit huet Cadillac am Kader vum Super Bowl LX am kalifornesche Santa Clara, deen d’Seattle Seahawks mat 29:13 géint d’New England Patriots gewonnen hunn, d’Lackéierung vun hirem éischte Formel-1-Rennwon presentéiert. Geschaten 130 Millioune Leit sollen dësen Event gekuckt hunn, bei deem déi nei Ecurie eng Reklamm gebucht huet, fir hir offiziell Faarwen eng éischte Kéier dem Grand public ze weisen. Kuerz no der Reklamm, déi immens un déi éischt Moundlandung erënnert, ass um Times Square zu New York ee Replica ausgestallt ginn.
Fir hir Formel-1-Première trëtt déi US-amerikanesch Ecurie schwaarz-wäiss op. Interessant un der Lackéierung ass allerdéngs, dass déi lénks Säit vum Rennwon haaptsächlech wäiss gehal ass, wärend déi riets Säit dominant schwaarz ass. “Eis Lackéierung representéiert wie mir sinn a wat mir der Formel 1 bréngen. All eenzelen Detail ass gewollt: markant, modern a richteg amerikanesch. Mam Superbowl a mam Times Square hu mir zwou Plaze rausgesicht, déi Leeschtung, Kultur an Entertainment vermëttelen. Dat entspriecht eiser Identitéit a verbënnt eis mat Fans op der ganzer Welt”, sou den Dan Towriss, CEO vum Cadillac F1 Team.
Nieft de grousse Changementer vun de Reegelen ass fir dës Saison nei, dass mat Cadillac fir déi éischte Kéier zanter 2016 nees eng eeleft Ecurie an domat 22 Piloten um Depart wäerte sinn. Dat bréngt mat sech, dass an Zukunft sechs Piloten am Q1 an am Q2 rausfléien, domat der um Enn 10 fir de Q3 iwwreg bleiwen.
Zwar huet all Ecurie misse bei null ufänken, wat de Bau vum Rennwon fir d’Saison 2026 ugeet, op Cadillac dierft een awer besonnesch gespaant sinn, well et ee komplett neie Projet ass. Déi US-amerikanesch Ecurie ass op dräi Plazen doheem: an den USA zu Indianapolis an zu Charlotte an a Groussbritannien zu Silverstone.
Nieft dem Optakt zu Melbourne an der Course virun der Hausdier zu Silverstone dierften déi dräi Optrëtter op US-amerikaneschem Buedem zu Miami, zu Austin an zu Las Vegas zu den Highlights an der éischter Formel-1-Saison fir Cadillac gehéieren. Mam Sergio Pérez (36) a mam Valtteri Bottas (36) huet de Newcomer zwee ganz erfuere Piloten un d’Steier vun hirem éischte Formel-1-Auto gesat. Zesummegerechent komme si op insgesamt 526 Coursen, 106 Podiumen a 16 Victoiren. Reservepilot ass den Zhou Guanyu, deen zwee Joer laang fir Sauber gefuer ass.