Formel 1 2026Williams mat Feelstart an déi nei Saison

Ben Schlammes
Nom erfollegräiche Joer 2025 wëllt Williams dës Saison ee weidere Schratt no vir maachen. Allerdéngs huet d’Ecurie ëm den Alex Albon an de Carlos Sainz scho virum grousse Start zu Melbourne ee schwéiere Réckschlag erlieft.
Den neie Williams FW48 ass endlech presentéiert ginn
Den neie Williams FW48 ass endlech presentéiert ginn
© Atlassian Williams F1 Team

Mat Williams hat en Dënschdeg de Mëtteg déi siwent Ecurie hir Präsentatioun am Virfeld vun der Formel-1-Saison 2026. Bis elo kann de Grand Public allerdéngs just d’Lackéierung vum neien FW48 bestaunen. Déi ass mat engem dominanten Donkelblo-Toun änlech gehale wéi déi vum Virgänger, dem FW47. Nei am Verglach zur Lackéierung vun zejoert si souwuel déi hellblo Faarf, wéi och verschidde wäiss Plazen um Auto.

Fir grouss Opreegung hat déi brittesch Ecurie virun annerhallwer Woch gesuergt, wéi si matgedeelt hat, dass si net un den éischten Tester zu Barcelona deelhuele géingen. Grond dofir sollen net bestanen obligatoresch Crash-Tester sinn. Mëttlerweil schéngen d’Problemer allerdéngs geléist ze sinn an den FW48 ass wuel prett fir déi offiziell Tester an enger Woch am Bahrain. Wärend der Absence zu Barcelona huet Williams ëmmerhin alternativ virtuell Tester a Groussbritannien absolvéiert.

Trotz dësem massive Réckschlag weist sech den Team-Chef James Vowles kämpferesch: “2026 ass deen nächste Schratt op eisem Wee un d’Spëtzt. Mir wëllen un d’Erfolleger vun 2025 uknäppen, mee sinn eis der Erausfuerderung, déi eng nei Ära mat sech bréngt, bewosst. Kee weess, wéi d’Kaarte beim éischte Grand Prix gemëscht sinn, mee mir freeën eis, dat erauszefannen.

Vu, dass et sech bis elo just ëm d’Lackéierung vum FW48 handelt, hale sech d’Piloten Alex Albon a Carlos Sainz an hiren Aussoe bedeckt. “Et ass wéi ëmmer ee besonnescht Gefill, déi nei Lackéierung fir d’éischte Kéier ze gesinn. Ech kann et kaum erwaarde, wéi den FW48 um Circuit ausgesäit”, mengt den Alex Albon, fir deen et déi fënnefte Saison bei der brittescher Ecurie gëtt.

Säi spueneschen Teamkolleeg Carlos Sainz mengt am Virfeld vu sengem zweete Joer um Steier vun enger Williams-Rennmaschinn: “Déi nei Lackéierung ass ee Statement fir dat, wat mir dës Saison wëlles hunn – se vermëttelt d’Traditioun vu Williams mat engem dynameschen a modernen Androck, fir déi nei Ära ze lancéieren. Ech freeë mech immens, fir déi Faarwen um Circuit ze representéieren.

Insgesamt bleift d’Traditiouns-Ecurie dem wackelegen Trend aus de leschte Wochen trei. Déi teamintern Präsentatioun vun der Lackéierung vum FW48, dee bis ewell just virtuell zum Asaz komm ass, lenkt net vun de Problemer of, déi Williams säit dem Ufank vun dëser neier Ära an der Formel 1 begleeden.

Back to Top
CIM LOGO