Formel 1: Grousse Präis vun ÉisträichGeorge Russell gewënnt Hëtztcourse zu Spielberg

RTL Lëtzebuerg
De Britt feiert seng zweet Victoire an dëser Saison. De Verstappen rett seng zweet Plaz virum Antonelli an d'Zil. Ferrari ass mat der Strategie nees an al Musteren zeréckgefall an huet e bessert Resultat aus den Hänn ginn.
Den George Russell feiert no der Course seng Victoire.
© JOE KLAMAR/AFP

Den George Russell feiert eng Start-Zil-Victoire beim Grousse Präis vun Éisträich. Géint de Britt war op den 71 Ronne kee Kraut gewuess. De Max Verstappen war iwwer wäit Strecken déi kloer Nummer Zwee vun dëser Course, mee musst an de leschte Ronnen nach eng Kéier ëm seng Positioun fäerten. Um Enn konnt den Hollänner de Kimi Antonelli hannert sech loossen a stoung fir déi 129. Kéier a senger Karriär um Podium. Fir Red Bull war et eréischt den zweete Podium dës Saison no Montreal.

Den Oscar Piastri hat als Véierten näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn, genee wéi de Lando Norris, deen als Siwenten ukoum. Tëscht deenen zwee McLaren-Autoen hu sech de Lewis Hamilton an den Isack Hadjar gequëtscht. De Charles Leclerc, de Liam Lawson an den Arvid Lindblad hu sech déi lescht Punkte geséchert. Fir Audi ass et trotz enger souveräner Course mat de Plazen 11 an 12 net duergaangen, fir weider Punkten ze rafen.

Fir d'WM-Klassement bedeit dat, dass de Russell elo "just" nach 40 Punkten hannert dem Antonelli läit. Den Hamilton bleift trotz der fënnefter Plaz an Éisträich Drëtten an huet mat 45 Punkten e grousse Puffer op de Piastri. An der Konstrukteurswäertung ass Mercedes nach ëmmer déi kloer Nummer 1.

Resumé vun der Course

De Russell konnt seng éischt Positioun beim Start behaapten, den Hamilton krut sech an der drëtter Kéier laanscht säi Coequipier Leclerc gedréckt an huet déi zweet Plaz iwwerholl. Grousse Gewënner vun der Ufanksphas war de Max Verstappen: No dräi Ronnen hat hien de WM-Leader Antonelli, deen dee Moment Problemer hat, fir säin Auto op der Pist ze halen, an de Leclerc geschléckt kritt.

Wuertwiertlech op d'Feierprouf gestallt goufen d'Autoe vu Cadillac. Souwuel d'Bremse vum Perez wéi vum Bottas haten no fënnef Tier de Geescht opginn an hate gebrannt. Och de Liam Lawson hat an deem Moment Feier u sengem Auto gemellt, konnt awer bis zum Schluss weiderfueren.

Un der Spëtzt konnt de Russell säin Tempo fueren an d'Avance op den Hamilton ausbauen. D'Ferrari-Pilote waren déi Éischt, déi an d'Boxegaass geruff goufen (Ronn 13 a 14), wat si um Enn e bessert Resultat kascht huet. Uschléissend musste si sech nämlech duerch d'Mëttelfeld wullen, fir nees no vir ze kommen. Doduerch war de Wee fräi fir de Verstappen, fir sech hannert dem Russell als Zweeten ze etabléieren, well de Kimi Antonelli weiderhi Problemer mat sengem Auto hat.

Beim zweete Stopp wollt Mercedes en Undercut vum Verstappen verhënneren an huet de Russell fir d'éischt erageruff. Dat sollt sech als eng gutt Decisioun erausstellen, well de Britt duerno op den neie Pneue fräi Faart hat an nom Stopp vum Verstappen kloer virum Hollänner blouf. Uschléissend huet sech de Russell de Botter net méi vum Brout huele gelooss an ass seng Victoire an dëser Saison heemgefuer.

De Charles Leclerc hat no sengem fréie Stopp Problemer mat de Pneuen a konnt sech am leschten Drëttel vun der Course net méi géint Attacke vun de Verfollger wieren. Dowéinst koum hien nach eng Kéier eran a krut Soft-Pneuen opgezunn, fir d'Course op der aachter Plaz op en Enn ze fueren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 LENOVO AUSTRIAN GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO