
E Freideg ass am Nomëtteg de Qualifying fir de Sprint vum Grousse Präis vu Groussbritannien gefuer ginn. Am éischten Deelstéck vun der Qualifikatioun haten d'Aston Martin-Pilote Lance Stroll a Fernando Alonso fréi Feierowend, genee wéi déi zwee Cadillac-Fuerer Valtteri Bottas a Sergio Perez. Genee sou enttäuscht waren d'Haas-Piloten Esteban Ocon an Oliver Bearman.
Am zweeten Deel vum Sprint-Qualifying war et den Out fir déi zwee Williams vun Alex Albon a Carlos Sainz. De Franco Colapinto um Alpine an den Niko Hülkenberg ware manner séier wéi hir respektiv Teamkolleege Gabriel Bortoleto a Pierre Gasly, déi op d'Plazen 12 an 11 gefuer sinn.
Am entscheedenden SQ3 konnt sech de Lewis Hamilton op Ferrari d'Pole Position fir de Sprint um Samschdeg sécheren. Hie war 11 Dausendstel méi séier wéi de Kimi Antonelli um Mercedes, 3 Zéngtel hannendru kann de Max Verstappen um Red Bull sech als Drëtte qualifizéieren. Véierten ass den zweete Ferrari-Pilot Charles Leclerc ginn, virum Georges Russell, dee just déi 5. Zäit gefuer ass. D'McLaren-Piloten Norris a Piastri klasséiere sech op de Plaze 6 a 7. D'Top 10 gëtt komplettéiert vum Isack Hadjar um zweete Red Bull, virun den zwee Racing Bulls Liam Lawson an Arvid Lindblad.
E Samschdeg geet et da weider mam Sprint um 12:55 Auer an um 16:55 Auer gëtt de Qualifying gefuer. E Sonndeg ass d'Course um 16:00 Auer. Op RTL ZWEE an RTL Play gëtt alles live iwwerdroen.