Formel 1Kimi Antonelli feiert éischt Sprint-Victoire

RTL Lëtzebuerg
Um Circuit zu Silverstone war den Italieener no 17 Ronne méi séier wéi de Polesetter Lewis Hamilton. An engem spannenden Dräikampf huet sech den Norris géint de Russell an de Leclerc behaapt a koum op de Podium.
© PAUL FOSTER/NurPhoto via AFP

De Kimi Antonelli suergt weider fir Rekorder a feiert zu Silverstone seng éischt Sprint-Victoire. Domat ass hien och dee jéngste Gewënner vun dëser Kategorie. Den Italieener gewënnt virum Lewis Hamilton an dem Lando Norris, deen et virum George Russell op de Podium gepackt huet. Verléierer vum Sprint war de Max Verstappen, deen hannert dem Charles Leclerc just Sechste gouf. Weider Punkte kruten den Oscar Piastri am zweete McLaren an de Liam Lawson op Racing Bulls.

Den Hamilton konnt seng éischt Positioun um Start knapp géint den Antonelli behaapten, mee och duerno huet den Italieener net labber gelooss. Et huet awer bis an déi aacht Ronn gedauert, bis de Mercedes-Pilot laanscht de Rekordweltmeeschter zéie konnt. Den Hamilton konnt bis zum Schluss net konteren, well den Italieener sech eng komfortabel Avance erausgefuer ass. Béid Pilote waren der Konkurrenz däitlech iwwerleeën an haten am Zil eng grouss Avance.

Hannert dem Spëtzenduo huet sech tëscht Norris, Russell a Leclerc e spannenden Dräikampf ëm déi lescht Plaz um Podium entwéckelt. Allen dräi konnten de Max Verstappen iwwerhuelen, dee vu senger Startpositioun 3 op Plaz 6 duerchgereecht gouf. Den Norris huet sech knapp géint de Russell behaapt, woumat de Mercedes-Pilot am Klassement nees Buedem op säi Coequipier verléiert.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 PIRELLI BRITISH GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO