Europäesche Stabilitéitsmechanismus"Mir sinn de Rettungsschierm, dee ganz zum Schluss kënnt"

Raphaëlle Dickes
Kéint den Europäesche Stabilitéitsmechanismus mat Sëtz um Kierchbierg och fir geopolitesch Krisen oder de Klimawandel agesat ginn? Ënner dorëms geet et am Interview mam Generaldirekter a fréiere Finanzminister Pierre Gramegna.
Interview mam fréiere Finanzminister Pierre Gramegna
Zanter 2018 awer huet den ESM keng Paiementer méi u Memberlänner gemaach. Nawell bräicht et d’Organisatioun weider, betount de Generaldirekter Pierre Gramegna.

Säin Ursprong ass d'Eurokris. Zanter der Grënnung 2012 huet den Europäesche Stabilitéitsmechanismus ESM Griicheland, Portugal, Spuenien, Irland an Zypern finanziell ënnert d'Äerm gegraff. Mat Kreditter iwwer laang Zäit an niddregen Zënsen. Am Géigenzuch mussen d'Länner politesch Reforme maachen, fir ze spueren oder méi Geld an d’Keesen ze kréien. Den ESM kann och Banken a finanzieller Nout hëllefen. Zil ass et, d'finanziell Stabilitéit an der Eurozon ofzesécheren.

Zanter 2018 awer huet den ESM keng Paiementer méi u Memberlänner gemaach. Nawell bräicht et d'Organisatioun weider, betount de Generaldirekter Pierre Gramegna: "Éischtens, mir sinn eng Assurance. Wann äert Haus brennt, sidd Dir frou, datt dir eng Assurance hutt. Wann äert Haus dräi Joer laang net méi brennt, huelt dir da keng Assurance méi?” Zweet Aufgab vum ESM wär et, fir preventiv ze schaffen a Risiken anzeschätzen an d'Memberlänner virdrun ze warnen.

Den Europäesche Stabilitéitsmechanismus
Zanter 2018 awer huet den ESM keng Paiementer méi u Memberlänner gemaach. Nawell bräicht et d'Organisatioun weider, betount de Generaldirekter Pierre Gramegna.

ESM ka Kreditlinne fir héich Defense-Ausgabe ginn

Beim Finanzement vun de Milliarde-schwéieren Defense-Ausgaben, zu deenen déi europäesch NATO-Membere sech verflicht hunn, kann den ESM haut schonn eng finanziell Stäip bidden.

D'Organisatioun vergëtt nämlech och Kreditlinnen déi, am Géigesaz zu de Kreditter, net u Reform-Konditioune gebonne sinn. Bis ewell gouf et awer keng Nofro heifir. Dem Pierre Gramegna no, läit dat dorunner, datt Kreditlinne vum ESM d’Gefill vermëttele kéinten, datt dat Land besonnesch schwaach wär. Dofir bitt den ESM elo de Länner d'Méiglechkeet, Kreditlinnen zesummen unzefroen. “Wann een dat ka gruppéiert maachen, mengen ech kann een dat besser verkraaften a besser no bausse verkafen.”

"Haaptsächlech do, fir de Staatsfinanze vun de Länner ze hëllefen"

Den ESM huet ee Kapital vun 81 Milliarden Euro. Zejoert huet en ee Rekord Benefice vu ronn 2 Milliarden Euro gemaach. E ka bis zu 500 Milliarden Euro u Kreditter verginn.

Déi vill Krisen, de Klimawandel an den Drock op d'Sozialsystemer belaaschte vill Länner. Hei gesäit de Pierre Gramegna den ESM awer net zoustänneg. “Mir sinn do haaptsächlech fir de Staatsfinanze vun de Länner ze hëllefen.”

Och kéint ee Banken hëllefen, déi riskéiere géifen, d'Land mat an d'Kris ze zéien. Dat wär och schonn an der Vergaangenheet gemaach ginn. "Mee mir kënne keng Projete finanzéieren. An ech mengen och net, dass dat de Wëllen ass. Mir sinn de Rettungsschierm, dee ganz zum Schluss kënnt.” Fir Projeten ze finanzéieren, géif et aner Institutiounen wéi d'Europäesch Investitiounsbank BEI oder NextGenerationEU. Den 800 Milliarden Euro schwéiere Fong vun der EU, deen hëllefe soll d’Memberlänner no der COVID-19 Pandemie nees opzebauen a méi staark a resilient fir d'Zukunft ze maachen.

Och fir Lëtzebuerg: de Wuesstem ass dee gréissten Defi

Wat d'Staatsschold vu 26,5 Prozent vum PIB ugeet, stéing Lëtzebuerg ganz gutt do, als zweet mannst verschëlt Land. De Pierre Gramegna schwätzt vun engem “extraordinäre Resultat”, datt de Grand-Duché trotz deene ville Krisen an de leschte Joren “praktesch” eng stabil Schold hätt behale kënnen. Mee fir méi Schold finanzéieren ze kënnen, bräicht ee Wuesstem. Dat wär aktuell ee groussen Defi. FinTech’en, kënschtlech Intelligenz, Satellitten am Defense-Beräich si Pisten, déi de fréiere Finanzminister nennt.

Neie Siège um Kierchbierg autoriséiert

Den Europäesche Stabilitéitsmechanismus mat sengen 240 Mataarbechter kritt een neie Sëtz um Kierchbierg. Hannert den dräi gielen Tierm vum europäesche Geriichtshaff. Intern léichen d'Autorisatioune vir, de Projet wär vun der Chamber guttgeheescht ginn. Lo kéinten d'Aarbechten ufänken. De Pierre Gramegna rechent domadder, datt den neie Siège Enn vun dësem Joerzéngt fäerdeg ass.

Back to Top
CIM LOGO