
Silverstone ass fir unzefänken emol ganz vill Traditioun. Hei gouf 1950 den alleréischte Formel-1-Grand-Prix iwwerhaapt gefuer. Mee Silverstone gëllt nach aus engem anere Grond als Heemecht vun der Formel 1. An engem Ëmkrees vu knapp 100 Kilometer hu bis op eng Ausnam – Ferrari – alleguerten d'Ecurien hir Fabrick oder op d'mannst eng Dependance.
Et ass also dee Grand-Prix, wou 80 Prozent vum ganze Formel-1-Personal am eegene Bett kënne schlofen. Mee eng Course virun der Hausdier ass net ëmmer vu Virdeel, wéi den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl weess: “Et ass schwiereg, der Famill kloer ze maachen: ‘Ech sinn zwar doheem, mee wann ech heem kommen, sinn ech wéi am Hotel. Ech si bis zur leschter Minutt um Circuit, kommen heem, duschen, schlofen. Den Dag drop opstoen, Zänn wäschen, zeréck op de Büro.’ Déi Trennung vun ‘ech sinn zwar physesch do, mee am Kapp sinn ech am Fong um Circuit’ ass net einfach ënnert een Hutt ze bréngen. Deementspriechend ginn et esouguer Leit, déi dann awer froe fir am Hotel ze bleiwen, wat d’Ecurien och accomodéiere kënnen.”
Och fir fënnef Piloten - Russell, Hamilton, Norris, Bearman a Lindblad - plus den hallwe Britt Albon ass et dat grousst Heemspill. A grouss ass hei wuertwiertlech ze verstoen. Dëst Joer gëtt déi dräi Deeg zesumme mat iwwert enger hallwer Millioun Spectateure gerechent. An déi hoffen natierlech, dass ee vun hire Pilote gewënnt.
D'lescht Joer konnt sech de Lando Norris den Dram vun enger emotionaler Heem-Victoire erfëllen. De Lewis Hamilton huet där schonn 8 a sengem Palmarès stoen, ass domadder Silverstone-Rekordgewënner. Dat eenzegt wat nach feelt, wier eng Heem-Victoire a Rout. Mee virun allem wéinst den héijen Temperaturen dëse Weekend gesäit den Dominique Riefstahl Ferrari am Nodeel: “Ferrari huet dee séiersten Auto an de séiere Kéieren, mee si hunn och dee gréisste Verschläiss u Pneuen. Si hunn déi gréissten Degradatioun. Zu Barcelona hu se missten ee Boxestopp méi aleeën, wat strategesch gesinn net falsch war. Mee zu Silverstone si manner Boxestoppen déi besser Strategie. Dofir setzen ech éischter op déi sëlwreg Autoen. Ech gesinn éischter eng éischten Heem-Victoire fir de Mann am Sëlwerauto, wéi eng weider Heem-Victoire fir deen, deen elo am rouden Auto sëtzt.”
Mee vläicht crasht um Enn och en Hollänner déi brittesch Party. Den iwwerschaffte Red Bull ass e klore Schrack no vir. De Verstappen huet no der leschter Course zu Spielberg virun allem déi niddereg Degradatioun gelueft.
Een Thema riskéiert awer, alle Piloten de Silverstone-Spaass e bëssen ze verdierwen. Den Energiemanagement! Um séieren, fléissende Circuit gëtt nëmme wéineg gebremst, ze wéineg fir d'Batterie effikass opzelueden. Et kéint sinn, dass d'Pilote gezwonge sinn, um Enn vun de Riichte lues ze maachen, oder méi gemittlech duerch séier Passagen ze fueren, fir hir Batterie ze fëllen, respektiv Energie ze spueren. Net nëmmen eisen Expert fäert, dass Silverstone dëst Joer e gutt Stéck vu sengem opreegende Charme verléiere kéint.
Silverstone ass d'Gebuertsplaz vun der Formel 1 an eng Streck, déi bis haut näischt vun hirem Zauber verluer huet. Hei dominéieren Traditioun a Geschicht. Amplaz vu Kéierennummeren, héiert ee Legende wéi Copse, Maggots, Becketts, Stowe oder Vale. Alles Plazen aus der Regioun, déi sech an d'Geschicht vum Motorsport ageschriwwen hunn.
Silverstone ass eng richteg Highspeed-Streck. Déi laang, séier Kéieren – meeschtens no riets – setze virun allem déi lénks Pneuen enorm ënner Stress. Hei hu mir schonn dramatesch Pneu-Platzer gesinn, mee och legendär Momenter wéi dem Lewis Hamilton seng Victoire 2020, wéi hien déi lescht Ronn op dräi Rieder nach bis an d'Zil komm ass.
Fir hei séier ze sinn, brauch en Auto vill Appui, héich Stabilitéit a gläichzäiteg eng exzellent Präzisioun bei de ville schnelle Richtungswiesselen. Genee do läit de schwierege Kompromëss. Ze vill Stabilitéit mécht den Auto liddereg beim Alenken, e reagéiert ongenee, an déi viischt Pneue ginn nach méi belaascht. Ze wéineg Stabilitéit mécht den Auto nervös. De Pilot muss permanent korrigéieren, d'Pneuen degradéiere méi séier an et geet wäertvoll Zäit verluer – och wann den Auto sech subjektiv do méi séier ufillt.
Och d'Atmosphär ass eenzegaarteg. Zu Silverstone dominéieren d’”Bobble Hats“ – déi brittesch Motorsport-Puristen, déi och am schlëmmste Wieder mat hirer Bommelmutz um Bord vum Circuit stinn. Si liewen d’Formel 1, kennen Technik a Strategie aus dem Effeff, erkennen all Joergang vum F1-Auto um Geroch a si gnodelos loyal. Zu Silverstone ass d'Monarchie nach ëmmer intakt an et co-regéieren de Lewis VIII, de Lando I an d'Prinzessin George.
