Fir d'Formel 1 ass et e ganz besonnesche Comeback: Zanter 2017 gouf hei kee Grand Prix méi gefuer. A Sepang waarden op d'Piloten héich Vitessen, séier Kéieren an e Wieder, dat zu all Moment fir eng Iwwerraschung suerge kann. Reenschaueren sinn dësen Weekend net ausgeschloss.
No der Course zu Baku ass d'Spannung am Titelkampf nees geklommen. George Russell huet de Grousse Präis vun Aserbaidschan gewonnen an domat de Réckstand op säi Mercedes-Teamkolleg Kimi Antonelli vun 81 op 66 Punkte verkierzt. Deemno ass d'Fro: Kann de Russell zu Sepang weider Punkten op den WM-Leader ophuelen oder schléit den Antonelli zeréck? A wat kënnen d'Red-Bull-Piloten an de Rescht vum Feld géint déi zwee Mercedes ausriichten?
Suivéiert de FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2026 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.
Commentaire: Tom Nols
Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Nols kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d'Nummer 621 777 888.
Wéinst de strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm an -Passwuert aloggen. Et brauch een awer och weiderhin näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.
Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...
Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm um RTL Play
Freideg, 2. Oktober 2026: 6h25 – 7h35
Commentaire: Tom Nols
Freideg, 2. Oktober 2026: 9h55 – 11h05
Commentaire: Tom Nols
Samschdeg, 3. Oktober 2026: 6h25 – 7h35
Commentaire: Tom Nols
Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Samschdeg, 3. Oktober 2026:
Ufank vun der Emissioun: 9h55
Start vun der Qualifikatioun: 10h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 11h10
Commentaire: Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl
Course, mir iwwerdroen de Programm vun RTL ZWEE um RTL Play
Sonndeg, 4. Okotber 2026:
Ufank vun der Emissioun: 8h30
Depart vun der Course: 9h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 11h15
Commentaire: Tom Hoffmann an Tom Nols
Expert: Dominique Riefstahl
9. bis 11. Oktober: FORMULA 1 SINGAPORE AIRLINES SINGAPORE GRAND PRIX 2026
Marina Bay Street Circuit - Singapore
23. bis 25. Oktober: FORMULA 1 MSC CRUISES UNITED STATES GRAND PRIX 2026
Circuit of The Americas - United States
30. Oktober bis 1. November: FORMULA 1 GRAN PREMIO DE LA CIUDAD DE MÉXICO 2026
Autódromo Hermanos Rodríguez - Mexico
6. bis 8. November: FORMULA 1 MSC CRUISES GRANDE PRÊMIO DE SÃO PAULO 2026
Autódromo José Carlos Pace - Brazil
20. bis 22. November: FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2026
Las Vegas Strip Circuit - Las Vegas
27. bis 29. November: FORMULA 1 QATAR AIRWAYS QATAR GRAND PRIX 2026
Lusail International Circuit - Qatar
4. bis 6. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2026
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi