1. Fräien Training live dëse Freideg um 10.25 Auer op RTL ZWEE an um RTL PlayFormel 1: Grousse Präis vun Abu Dhabi

RTL Lëtzebuerg
Norris, Verstappen oder Piastri? An der leschter Course kämpfen nach dräi Piloten ëm de WM-Titel. Esou eng spannend Finall gouf et fir d’lescht 2010.

Et ass déi Finall vun där vill Formel-1-Fans gedreemt hunn: D’WM-Decisioun an der leschter Course! Dës Kéier hunn esouguer dräi Piloten nach Titelchancen. McLaren hat gehofft, hir zwee Piloten Norris a Piastri géifen den Titel zu Abu Dhabi ënnert sech ausmaachen. Mee do hate se d’Rechnung ouni de Verstappen, an ouni dat eegent Onverméige gemaach. Den Hollänner huet de grousse Kaddo, deen d’McLaren-Strategen him am Katar gemaach hunn, méi wéi gären ugeholl. Hien huet elo an der Tabell nëmmen nach 12 Punkte Retard op de WM-Leader Norris, an esouguer véier Punkten Avance op de Piastri.

Zu Abu Dhabi ass alles dran! Wann den Norris op de Podium fiert, ass d’WM zu senge Gonschten decidéiert. Mee eng Podiumsplaz ass méi liicht gesot wéi gemaach. Norris a McLaren maachen ënner Drock vill Feeler, de Verstappen op der anerer Säit huet näischt ze verléieren. Den Abu-Dhabi-Grand-Prix wäert esou oder esou ganz emotional ginn. Iwwregens net nëmme wéinst der WM-Decisioun. Et ass nämlech och déi leschten F1-Course fir de Yuki Tsunoda a fir Renault. Donieft wäert och den Numm Sauber aus der F1 verschwannen.

Suivéiert de FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025 live op RTL ZWEE an RTL PLAY.

Commentaire: Tom Hoffmann

Är Froen an Äre Feedback un den Tom Hoffmann

Och dës Saison kënnt Dir wärend de Fräien Traininge mam RTL-Commentateur Tom Hoffmann kommunizéieren. Schéckt Är Froen an Äre Feedback einfach per WhatsApp op d’Nummer 621 777 888.

D’Analys vum RTL-F1-Expert Dominique Riefstahl

Mam Design-Update vun 2021 huet Abu Dhabi säi Charakter komplett geännert. Den ale Circuit war eng Sammlung u luese Kéieren, wou en décke Flillek belount gouf, well d’DRS-Riicht de Loftwidderstand wettgemaach hunn. Mam nei gestalte Layout läit de Fokus elo kloer am Medium-Speed-Beräich

- e Revéier, dat McLaren jo am Katar scho ganz gutt geleeën huet. Wat blouf ass:
- e Makadamm ouni vill Grip (sorry Oscar!), - en drëtte Secteur, wou d’Pneue sech esou erhëtzen, wéi wa se op enger Plancha géife leien,
- kaum Degradatioun, mee séier thermesch Limitten – dat suergt fir vill Rutschen a schlecht gelaunte Pilotekommentaren iwwer Funk.

Fir um aktuelle Layout ze glänzen, brauch een en Auto, dee seng Pneue gutt kill hält, am Mediumspeed vill Potenzial bitt a gläichzäiteg effizient op der Riichter ass, fir de Spagat aus Topspeed an Upressdrock hin ze kréien. Kuerz eng Mëschung aus engem McLaren an engem Red Bull.
Eppes besseres kann ee sech déi läscht Ronn vum Championnat bal net ausmolen! De Pendel misst e bësse méi Richtung McLaren-Lager schwéngen, awer Mercedes dierft erëm e Wiertche matschwätzen, wat Red Bull sécher net gefält.
Mee bon, d’Course ass zu Abu Dhabi eréischt gelaf, wann den Isha bis gebiet gouf, spéitstens da wësse mer wéi eng Nuance Orange geseent gouf.

© Mercedes-AMG PETRONAS F1 Team.

Login, fir d’Formel 1 am Stream op RTL PLAY ze kucken

Wéinst de méi strengen Anti-Piratage-Virschrëfte vun der Formel 1 sinn d’F1-Contenuen op RTL PLAY mat engem Login protegéiert. Wien d’Livestreamen an d’Replaye vun de Formel-1-Courssen op RTL PLAY kucke wëllt, muss sech mat sengem RTL-Benotzernumm a -Passwuert aloggen. Och an Zukunft brauch een awer wuelverstanen näischt fir d’Formel 1 op RTL PLAY ze bezuelen.

Weider Informatiounen iwwer den RTL-Login, fir F1-Contenuen op RTL Play ze kucken...

Programm

Fräien Training, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an um RTL Play

Freideg, 5. Dezember 2025: 10h25 – 11h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Freideg, 5. Dezember 2025: 13h55 – 15h05
Commentaire: Tom Hoffmann

Samschdeg, 6. Dezember 2025: 11h25 – 12h35
Commentaire: Tom Hoffmann

Qualifikatioun, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an um RTL Play

Samschdeg, 6. Dezember 2025:
Ufank vun der Emissioun: 14h55
Start vun der Qualifikatioun: 15h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h10
Commentaire: Franky Hippert an Tom Hoffmann
Expert: Dominique Riefstahl

Course, mir iwwerdroen de Programm op RTL ZWEE an um RTL Play

Sonndeg, 7. Dezember 2025:
Ufank vun der Emissioun: 13h15
Depart vun der Course: 14h00
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 16h45
Commentaire: Franky Hippert a Serge Pauly
Expert: Dominique Riefstahl

Saison-Kalenner 2025

5. bis 7. Dezember: FORMULA 1 ETIHAD AIRWAYS ABU DHABI GRAND PRIX 2025
Yas Marina Circuit - Abu Dhabi

Back to Top
CIM LOGO