D'Märche geet weider: De Cap Vert huet et op der Futtball-WM sensationell an d'K.o.-Phas gepackt. Den 0:0 géint Saudi-Arabien an der Nuecht op e Samschdeg zu Houston war den drëtte Remis fir de WM-Debutant, virdrun hat een an der Gruppephas iwwerraschend 0:0 géint Spuenien an 2:2 géint Uruguay gespillt. Well sech Spuenien am zweete Match an der Nuecht op e Samschdeg mat 1:0 géint Uruguay duerchgesat huet, huet sech de Cap Vert als Zweeten am Grupp H fir d'1/16-Finalle qualifizéiert. Saudi-Arabien an Uruguay sinn eliminéiert.
An der Nuecht op de 4. Juli (0 Auer MESZ) kritt de Cap Vert et zu Miami mam Titelverdeedeger Argentinien mam Superstar Lionel Messi ze dinn.
Dësen historesche Succès vum Cap Vert ass och vun de kapverdianesche Fans zu Lëtzebuerg gefeiert ginn. Eng 350 bis 400 Supporter hu sech zu spéider Stonn, de Match war um 2:00 Auer Lëtzebuerger Zäit an der Nuecht op e Samschdeg ugepaff ginn, beim Public Viewing zu Féiz de Match live ugekuckt. D'Freed war um Enn natierlech grouss.