Internationale FuttballAston Villa wënnt d'Europa League no 3:0-Victoire géint Freiburg

Jeff Birsens
Duerch ënner anerem zwee Sonndesschëss huet sech Aston Villa an der Finall zu Istanbul mat 3:0 géint den SC Freiburg duerchgesat.
Aston Villa's Scottish midfielder #07 John McGinn and his teammates celebrate with the trophy after winning the UEFA Europa League final football match between SC Freiburg and Aston Villa at Besiktas Park in Istanbul on May 20, 2026. (Photo by Stefano RELLANDINI / AFP)
De Morgan Rogers mam 3:0 fir Aston Villa.
© AFP

An der Finall zu Istanbul huet e Mëttwoch den Owend Aston Villa mat enger 3:0-Victoire géint den SC Freiburg d'UEFA Europa League gewonnen. Zwee Dram-Goler kuerz viru Schluss vun der éischter Hallschent haten d'Englänner a Féierung bruecht. No der Paus ware si weider déi besser Ekipp um Terrain an hunn duerch den drëtte Gol relativ fréi fir d'Decisioun gesuergt. Fir Aston Villa ass et zanter dem Gewënn vun der Coupe d'Europe vun de Landesmeeschter 1982 (haut Champions League) nees den éischte groussen internationalen Titel.

Resumé

Virun enger beandrockender Kuliss am Tüpras Stadion zu Istanbul war den SC Freiburg an de wuel wichtegste Match an der Veräinsgeschicht gestart. D'Breisgauer waren um Pabeier wuel éischter de klengen Aussesäiter, ma an den Ufanksminutten huet een um Terrain en ausgeglachene Match mat enger héijer Intensitéit ze gesi krut. Trotz vereenzelten Offensivaktioune vu Freiburg wosst Aston Villa am grousse Ganze méi mam Ball unzefänken.

Wat et méi a Richtung Paus gaangen ass, wat sech dësen Androck och méi verstäerkt huet. Freiburg krut sech hannen net méi richteg befreit a sou sollt den 1:0 dann an der 41. Minutt falen. No engem kuerz ausgeféierte Corner huet de Youri Tielemans eng Flank direkt a mat vollem Risiko ofgezunn a wonnerschéin am Volley erageschoss. An der drëtter Minutt vun der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ass et fir Freiburg dann deen nächste Réckschlag ginn. Mat engem Sonndesschoss aus der Distanz an de Wénkel vum laangen Eck huet den Emiliano Buendia dem Atubolu am Gol keng Chance gelooss a Villa mam verdéngten 2:0 an d'Paus geschéckt.

Och an der zweeter Hallschent war Aston Villa déi Ekipp, déi mat méi Selbstverständnis opgetrueden ass. Mam drëtte Gol an der 58. Minutt huet de Morgan Rogers da fir eng kleng Virentscheedung gesuergt. No enger flaacher Flank konnt hie säi Fouss virum Freiburger Defenseur a Golkipp dohinhalen an de Ball vum éischte Potto aus eraschéissen. Trotz dem Réckstand huet den SC Freiburg et ënnert dem Support vun hiren Unhänger weider probéiert, hat dobäi awer keen Erfolleg. Um Score an och um Spillverlaf sollt sech bis zum Schluss näischt méi änneren, sou datt et beim 3:0 bliwwen ass, deen Aston Villa sécher iwwer d'Zäit brénge konnt.


All d'Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO