Quartéier elo zu Tijuana a MexikoD'Iranesch Nationalekipp wäert awer net an den USA logéieren

AFP, iwwersat vun RTL
Als offizielle Grond fir de Relogement hunn den Iran an d'Fifa d'Distanz zu de Stadien uginn.
Spiller a Membere vum Staff vun der iranescher Futtballnationalekipp
Spiller a Membere vum Staff vun der iranescher Futtballnationalekipp
© DOGUKAN KESKINKILIC/Anadolu via AFP

Bei der Futtball-WM, déi an eppes méi wéi zwou Wochen ufänkt, wäert déi iranesch Nationalekipp elo dann awer net an den USA logéieren. D'FIFA huet Mexiko gefrot, op ee bereet wär, d'Ekipp fir d'Dauer vum Turnéier bei sech am Land opzehuelen.

Déi mexikanesch Presidentin Sheinbaum huet sech dozou bereet erkläert an huet an engems confirméiert, dass d'USA déi iranesch Ekipp net bei sech wollt hunn. D'Fifa an den Iran selwer hunn iwwerdeem d'Distanz zu de Stadien als Haaptgrond fir d'Decisioun uginn. Den Iran spillt seng éischt zwee Matcher géint Neiséiland a géint d'Belsch nämlech zu Los Angeles. Vun Tijuana aus wär dat elo méi no, wéi vun Tucson am Arizona, wou eigentlech d'Quartéier vun der iranescher Ekipp sollt sinn.

Back to Top
CIM LOGO