Champions LeagueBal 900 Verhaftungen a Frankräich no Victoire vum PSG

RTL mat AFP
De franséischen Inneminister Laurent Nuñez huet matgedeelt, dass d'Zuel vun den Interpellatiounen ëm 45 Prozent an d'Luucht gaangen ass am Verglach mat 2025.
Bal 900 Verhaftungen a Frankräich no Champions-League-Victoire vum PSG
Donieft wiere ronn 180 Polizisten a Gendaarme blesséiert ginn, sou de franséischen Inneminister Laurent Nuñez.

Nodeems Paris Saint-Germain leschte Samschdeg d'UEFA Champions League gewonnen hat, war et virun allem an der franséischer Haaptstad zu gréisseren Ausenanersetzunge komm tëscht de Fans an den Autoritéiten. De franséischen Inneminister Laurent Nuñez huet an deem Kader gesot, dass e Samschdeg an e Sonndeg a ganz Frankräich ronn 900 Persounen interpelléiert gi wieren. Donieft wieren 178 Polizisten a Gendaarme blesséiert ginn. D'Zuel vun den Interpellatiounen ass am Verglach mat 2025, wéi de PSG och gewonnen hat, ëm 45 Prozent an d'Luucht gaangen.

E Sonndeg den Owend hat den Emmanuel Macron d'Ekipp vum PSG am Elysée empfaangen. Wärend de President de sportleche Volet gelueft huet, war et awer och de klore Message, dass d'Gewalt an deem Kader misst ophalen. Dat wier kee Sport a kee Futtball, sou de Macron. Op der Périphérique ronderëm Paräis war no der Victoire vum PSG e Motocyclist bei de Feierlechkeete gestuerwen.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO