
60 Joer ass et hier, datt England de bis haut eenzege WM-Titel feiere konnt. Zanterhier lieft an der grousser Futtballnatioun déi grouss Hoffnung op en zweete Stär um Trikot. Ëm sou méi klëmmt Turnéier fir Turnéier awer och den Drock op d’Ekipp vun den Three Lions, déi dëst Joer mam däitschen Trainer Thomas Tuchel an d’USA, Mexiko a Kanada fiert.
De Manuel Cardoni stoung an den 1990er Jore selwer als Spiller fir Lëtzebuerg géint England um Terrain, stellt awer e groussen Ënnerscheed tëscht der Ekipp vun deemools an där vun haut fest. Sou goufen et zwar deemools scho mat engem „Michael Owen an David Beckham ganz gutt jonk Talenter“, ma de Futtball deemools wier nach vill méi „vum Kick-and-Rush mat ville laange Bäll, vill Mentalitéit a vill Kampfgeescht gepräägt“ gewiescht, sou de Cardoni, deen 68 A-Lännermatcher fir d’Rout Léiwe gespillt huet.
Haut wier dat ganz anescht. Den Afloss vun internationalen Traineren an der englescher Liga, wéi beispillsweis duerch en Arsène Wenger, Jürgen Klopp oder Pep Guardiola, hätten de Futtball op der Insel vill méi taktesch gemaach. Am Mëttelpunkt géife mëttlerweil also éischter "Ballbesëtz- a Kombinatiounsfuttball" stoen. De Futtball an England hätt sech „extreemst entwéckelt“, sou de Cardoni weider.
Déi grouss Entwécklung weist sech haaptsächlech un der vergläichsweis immens grousser Unzuel u jonken Talenter, déi sech an England mëttlerweil ëmmer méi fréi zu richtege Staren entwéckelen. Fir de Manuel Cardoni, deen och schonn als Trainer vun der Lëtzebuerger U19 an U21 géint d'"Young Lions" gespillt huet, ass dat op där enger Säit natierlech en immense Virdeel, well e grousse Choix och zu engem Konkurrenzkampf féiere géif an den Trainer donieft och d’Méiglechkeet hätt, bei Formschwankungen oder Verletzunge séier gudden Ersatz ze fannen. Op där anerer Säit gesäit hien awer och, datt en ze grousse Choix un neie Spiller dozou féiere kéint, datt ee sech vläicht méi schwéier deet, eng "stabil Stammekipp" opzebauen.
Dat wier op der brittescher Insel awer net den eenzege Probleem: „Wat och an England e grousse Probleem ass, ass en enorme Mediendrock. Jonk Spiller sinn deene ganz héijen Erwaardungen ausgesat, verdéngen och deementspriechend Geld, wat och dann heiansdo vläicht Spueren hannerléisst“. Et wier also dem Trainer seng Aufgab, do de richtege Kader zesummenzesichen.
A genee d'Kaderzesummesetzung huet dem Thomas Tuchel an den englesche Medien a leschter Zäit deels grouss Kritik abruecht. Nieft der Net-Nominatioun vu Spiller wéi dem Trent Alexander-Arnold oder dem Harry Maguire fir d'WM huet virun allem och d’Doheemloosse vun de Stare Cole Palmer a Phil Foden fir vill Onverständnis gesuergt.
De Manuel Cardoni dogéint mengt awer, datt den Thomas Tuchel an där Hisiicht „genuch Erfarung“ hätt, „fir dat kënnen ze regléieren“. Viru sou engem groussen Turnéier géifen et ëmmer nees op eemol „Millioune Selectionneure“ ginn, ma um Enn kéint een der trotzdeem just 26 nominéieren. Den Thomas Tuchel hätt sécherlech seng Grënn fir seng Decisiounen, hien hätt vläicht éischter an enger „Turnéierlogik“ mat gewëssenen „Hierarchien“ nominéiert, wéi just op déi individuell Qualitéit ze kucken. Trotzdeem wier een awer ëmmer réischt duerno méi schlau an et ass natierlech net ausgeschloss, datt déi Net-Nominatiounen him och kënnen „zum Verhängnes“ ginn, sou de Cardoni.
Trotz dem groussen Drock an der Kritik géint den Trainer mengt de Manuel Cardoni awer, datt d'Three Lions et wäit packe kéinten: „D’Chancë vun England, den Titel ze huelen, si scho realistesch. Si gehéiere sécher zu de Favoritten. Si hunn en enorme Kader, vill Weltklassespiller, déi vill Erfarung a groussen Turnéiere gesammelt hunn a Spiller op Top-Level, déi permanent Champions League spillen. Wann alles passt, kann England mengen ech wäit kommen an ech denken, dass fir England d’Halleffinall awer misst, entre Guillemeten, e minimaalt Zil sinn.“
Am Grupp L muss England sech fir d’éischt géint Kroatien (17.06.), da géint Ghana (23.06.) an da géint Panama (27.06.) beweisen, éier een duerno dat laangt Waarden op den éischten Titel zanter 1966 endlech op en Enn brénge wëll.
Nieft England wäert och Kroatien fest mat enger Plaz an der K.o.-Phas plangen. De Vizeweltmeeschter vun 2018 an den Drëttplacéierte vun 2022 wëll och dëst Joer nees déi grouss Natiounen iergeren. D'Ekipp vum Trainer Zlatko Dalic huet de Qualifikatiounsgrupp souverän an ongeschloen ofgeschloss a kënnt deemno an enger gudder Form op d'WM. De Kader besteet souwuel aus erfuerene Spiller wéi dem mëttlerweil 40 Joer ale Luka Modric, engem Ivan Perisic oder och dem Andrej Kramaric, wéi och aus opstriewende jonken Talenter wéi dem Luka Vuskovic, dee bei Hamburg eng exzellent Saison hannert sech huet.
No der verpasster Qualifikatioun fir den Afrika-Cup am Wanter gouf et bei de "Black Stars" aus Ghana e puer Onrouen. Wéinst op en Neits enttäuschende Resultater an den Testmatcher huet ee sech am Mäerz vum Trainer Otto Addo getrennt. Doropshin huet de Portugis Carlos Queiroz den Trainerstull iwwerholl an hat deemno och net all ze vill Zäit, sech op d'WM ze preparéieren. Sportlech gesinn zielt Ghana, och wéinst deene jéngste Resultater, zwar éischter zu den Aussesäiter, de Kader ass mat Spiller wéi dem Antoine Semenyo, Abdul Fatawu oder dem Inaki Williams awer sécherlech fir eng Iwwerraschung gutt.
No 2018 ass Panama fir déi zweete Kéier an der Geschicht bei enger WM dobäi a gëllt och an dësem Joer nees zu den Aussesäiter. Wärend et géint England a Kroatien normalerweis näischt ze huele gëtt, läit déi eenzeg Chance am Optaktduell géint Ghana. Falls der Ekipp vum Thomas Christiansen do eng Iwwerraschung gelénge sollt, kéint ee souguer hoffen, sech als ee vun deenen aacht beschte Gruppendrëtte fir d'1/16-Finallen ze qualifizéieren. Um Enn bleift awer egal wéi eleng schonn d'Qualifikatioun u sech e grousse Succès fir d'Land aus Mëttelamerika.