
Zanter Ufank leschter Woch preparéieren d'Jonge vum Jeff Strasser dësen duebele Rendez-vous. Di éischt Haaptnouvelle ass, datt den Nationaltrainer fréizäiteg säi Kontrakt bis 2028 verlängert kritt huet.
D'Virbereedung op d'Matcher géint Italien an Albanien ass net wéi ëmmer, well den Nationaltrainer de Kader quasi 10 Deeg virum éischte Match zu Verfügung huet. An dat ass och net vu Muttwëll fir erëm en normalen Training ze maache fir d'Spiller, deenen hiert Championnat schonn 2-3 Woche fäerdeg ass. Di éischt Woch vun der Preparatioun war och nach e bëssi anescht, well d'Spiller net zesummen am Hotel waren, wéi een et soss gewinnt ass. Et gouf zu Monnerech trainéiert an dono konnt jiddereen nees bei Famill a Frënn.
Zanter e Sonndeg ass de ganzen FLF-Tross da nees op der gewinnter Plaz am Sporthotel zu Lëpschent. Do gëtt sech als éischt elo fir d'Partie géint Italien prett gemaach. D'Italieener komme mat enger ganz jonker Equipe. Dat kann e Match-piège ginn. Ënnert anere wärten Bohnert, Carlson a Sinani fir déi nei Saison net méi bei hirem aktuelle Veräi bleiwen. Da kënnt esou e Match gutt, fir nach emol op sech opmierksam ze maachen.
E Mëttwoch ass den éischte Rendez-vous um 20h45 am Stade de Luxembourg mam Géigner Italien, éier et e Samschdeg an Albanien geet. Dir kënnt d'Partie géint Italien live op der RTL Tëlee Lëtzebuerg, um Radio an op RTL Play suivéieren.