
D'Finanzopsiicht DNCG confirméiert domadder e Mëttwoch an zweeter Instanz den Ausschloss, sou wéi d'Zeréckklasséiere vum Club an déi sechst franséisch Futtball-Liga (Régional 1). De sechsmolege franséische Meeschter war zulescht an der National 2, also der véierter Liga, aktiv. De President a Proprietär vum Club, de Lëtzebuerger Gerard Lopez, ass no der Decisioun an éischter Instanz den 30. Juni zwar an Appell gaangen, ma et goufe nach ëmmer keng 9 Milliounen Euro bereetgestallt, eng Zomm, déi fir d'Deckung vum Budget 2025/2026 a fir d'Finanzéierung vun der Saison 2026/2027 noutwenneg sinn.
D'Direktioun vum Club zu Bordeaux hat Enn Juni wësse gedoen, dass een op eng Investitioun vun 10 Milliounen Euro säitens dem brittesche Fong "Sparta Capital" géif hoffen. Ma "Sud Ouest" an "L’Équipe" no huet de Fong allerdéngs Ufank der Woch d'Gespréicher iwwert eng méiglech Iwwernam ofgebrach.
Bordeaux kéint theoreetesch nees den CNOSF kontaktéieren, änlech wéi schonns an de Joren 2022 an 2024, wéi de Club schonn emol zeréckklasséiert gouf. Deemools gouf eemol erreecht, dass een an der Ligue 2 konnt bleiwen, ma et gouf awer och eemol d'Réckklasséierung an d'National 2 confirméiert. Zënter deem ass et dem Club bis ewell och net méi gelongen, nees ze klammen.
E Mëttwoch gouf dann och e Veräinsvertrieder beim Handelsgeriicht a Frankräich gesinn. Dëst Geriicht hat 2025 e Sanéierungsplang accordéiert, deen d'Scholde vum Veräin vu ronn 100 Milliounen Euro op 26 Milliounen Euro reduzéiert huet.
De Club, deen de Gérard Lopez 2021 iwwerholl huet, huet schonn 2020 säi Profi-Status a säi renomméierte Formatiounszenter opginn. Sollt déi gefuerdert Zomm weiderhin net zesummekommen, kéint eng Liquidatioun d'Suite sinn, also d'Enn vum iwwer 100 Joer ale Veräin.