15.000 Fans um KierchbiergEng Zäitrees duerch zwee Joerzéngte Katy Perry

Pierre Weimerskirch
Viru ronn 15.000 Fans huet déi 41 Joer al Sängerin knapp 90 Minutte Show ofgeliwwert. Mat groussen LED-Ecranen op der Bün, villen Dänzer a mat verschiddene Kleeder huet de Concert wéi eng grouss Pop-Produktioun gewierkt.

Quasi all déi grouss Hits vun der amerikanescher Musekerin kruten d'Fans bei der Luxexpo ze héieren: California Girls, Teenage Dream, Dark Horse, E.T., Hot N Cold, Part of Me, Thinking of You, Firework a Roar.

Et war opfälleg, wéi d'Stëmmung sech am Laf vum Owend ëmmer weider gesteigert huet. Mat all bekanntem Refrain huet de Public méi haart matgesongen.

Déi éischt Minutte vum Katy-Perry-Concert
En Dënschdeg den Owend huet den US-Popstar de Set mat "Teenage Dream" als eent vun den éischte Lidder ugefaangen.

Réckbléck op de Concert 2009 an der Rockhal

2009 war d'Katy Perry eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg. Dat an der Rockhal. 2008 ass der Amerikanerin mat "I kissed a girl" den internationalen Duerchbroch gelongen. D'Katy Perry huet erzielt, datt si haut fir den zweete Concert dat selwecht Kleed unhätt wéi bei hirem Concert am Joer 2009. Op de risege Schiermer gouf dobäi eng Foto vun deem Optrëtt gewisen.

D'Katy Perry sot, et hätt dat Kleed haut eréischt fir déi zweete Kéier un.
D'Katy Perry sot, et hätt dat Kleed haut eréischt fir déi zweete Kéier un.
© Pierre Weimerskirch

De Steve Müller, deen de Concert dëst Joer fir RTL fotograféiert huet, war schonn 2009 dobäi. Fir de Vergläich hei och nach eng Kéier d'Fotosgalerie vun deemools. Déi iwwregens eng vun den éischte Concert-Galerië vum Steve war. An et kéint ee bal mengen, dass d'Katy Perry fir d'Foto kuerz op rtl.lu ënnerwee war.

E Call vum Justin Trudeau?

Bei enger Sequenz krut d'Katy Perry op engem vun de virtuelle Smartphones en Uruff vum "JPJT". Eng offensichtlech Referenz op hire Partner, de Justin Trudeau. Dee mat vollem Numm Justin Pierre James Trudeau heescht.

Den Dag virum Concert waren d'Katy Perry an de Justin Trudeau zesumme mam Vizepremier Xavier Bettel an der Stad ënnerwee. Um Concert selwer war de fréiere kanadesche Premier net ze gesinn.

Eng Weltraum-Referenz, déi gutt op Lëtzebuerg passt

Astronauten op der Bün, futuristesch Kulissen an och e Lëtzebuerger Fändel. Eng Uspillung op de Weltraum an d'Rees vum Katy Perry 2025 mat enger Blue-Origin-Missioun kuerz an den All.

Als Lëtzebuerger huet een dobäi bal automatesch missen un den nationale Space-Secteur denken. Och wann d'Land nach kee Fouss op de Mound gesat huet, spillt Lëtzebuerg mat Entreprisë wéi der SES an enger Rei vu weidere Space-Firmen zanter Joren eng wichteg Roll an der internationaler Weltraumindustrie. Ob dem Katy Perry dat bewosst war, wäerte mer net gewuer ginn.

De 14. Abrëll 2025 war d'Katy Perry kuerz an den All geflunn. De 14. Juli 2026 war de Concert um Parking vun der Luxexpo.
De 14. Abrëll 2025 war d'Katy Perry kuerz an den All geflunn. De 14. Juli 2026 war de Concert um Parking vun der Luxexpo.
© Pierre Weimerskirch

No bal enger Stonn a 40 Minutten ass de Concert mat Firework op en Enn gaangen. An d'Amerikanerin huet jidderengem e schéine Summer gewënscht.

Um Dënschdegowend wier op alle Fall dat Wieder gewiescht, dat d'Sängerin bestallt hat. Dass kuerz virun hirem Optrëtt eng Schauer erofgaangen ass, huet déi mannste Fans aus dem Konzept bruecht.

Déi 15.000 Fans sinn op hir Käschte komm.
Déi 15.000 Fans sinn op hir Käschte komm.
© Pierre Weimerskirch

Back to Top
CIM LOGO