Conference League QualifikatiounStroossen kënnt géint La Fiorita eng Ronn weider

Kevin Kayser
No engem 1:0 doheem konnt d'UNA beim 2:0 och auswäerts iwwerzeegen.
Schonn am Allersmatch konnt d'UNA géint La Fiorita iwwerzeegen.
© Val Wagner

Am Allersmatch konnt sech d'UNA Stroossen géint SP La Fiorita aus San Marino mat 1:0 duerchsetzen an hat domadder e gudden Ausgangspunkt, fir de Réckmatch a Südeuropa. Dësen hunn d'Lëtzebuerger fréi am Match nach ausgebaut, well si mat engem 2:0-Avantage an dëser Partie an d'Paus gaange sinn. Weider Goler sollten awer an dësem Match net méi falen.

De Resumé vum Match

Stroossen wollt fréi Drock maachen an dat ass hinnen och gelongen. D'Lëtzebuerger konnten schonn no 8 Minutten duerch de Perez a Féierung goen, wat hire knappen Avantage aus der éischter Partie ausgebaut huet. D'Ekipp aus dem Zentrum vum Land huet dunn awer och weider net nogelooss an de Steinmetz konnt 30 Minutten nom 1:0 op 2:0 erhéijen. De Score huet zu deem Ament och d'Statistik erëmgespigelt, well d'UNA hat däitlech méi Ballbesëtz a mat 9 Ofschlëss der vill méi, wéi deen eenzegen, deen La Fiorita opweises hat. Mat dem 2:0 ass et fir d'Lëtzebuerger dann och an d'Paus goen.

Nom Säitewiessel huet et nees änlech ausgesinn, d'UNA huet sech vill Chancen erausgespillt, ma déi Kéier huet d'Reussite e bësse gefeelt. D'Heemekipp aus San Marino war och hei an alle Beräicher ënnerleeën an huet net eng Kéier op de Gol vun de Lëtzebuerger geschoss. Domadder gewënnt Stroossen och de Réckmatch géint La Fiorita a steet an der nächster Ronn vun der Qualifikatioun fir d'Conference League. Do waart da mat Partizan Belgrad aus Serbien eng net onbekannten Ekipp op der europäescher Futtballbün op de Lëtzebuerger Vertrieder. D'Matcher ginn den 23. respektiv den 30. Juli gespillt.

Back to Top
CIM LOGO