Public Viewing vun der WM-HalleffinallSpuenien als éischten an der Finall - grouss Freed bei de Fans

Christophe Hochard
Um Dënschdenowend gouf déi éischten Halleffinall vun der Fussballweltmeeschterschaft tëscht Frankräich a Spuenien gespillt. Op ville Plazen am Land hat een d'Méiglechkeet de Match virum groussen Ecran ze suivéieren.

Eou och beim Public Viewing zu Esch op der Brillplaz. Schonn tëscht 19:30 an 20 Auer haten déi éischte Supporter vu béiden Ekippe sech Plaz geholl. Eng ronn 1.000 Leit souzen oder stounge ronderëm den Ecran, fir sech d'Partie mat Famill a Frënn unzekucken.

Public viewing vun der WM-Halleffinall: Grouss Freed bei de spuenesche Fans
Um Dënschdenowend gouf déi éischten Halleffinall vun der Fussballweltmeeschterschaft tëscht Frankräich a Spuenien gespillt.

D'Escher Sportsclibb konnte sech e puer Su verdéngen, andeems si Iessen a Gedrénks verkaaft hunn. Um Dënschdeg war et d'Jeunesse, déi dëst geréiert huet.

D'Ambiance op der Plaz selwer war exzellent. Alles ass friddlech iwwert d'Bün gaangen. Souwuel déi franséisch ewéi déi spuenesch Supporter hunn hir Ekipp ugefeiert. Goler vum Mikel Oyarzabal op Eelefmeter hin an dem Pedro Porro hunn d'Spuenier op d'Gewennerstrooss bruecht. Um Enn hunn d'spuenesch Gesäng a Fändelen d'Iwwerhand gehat. Déi spuenesch Fans sinn houfreg op d'Leeschtung vum aktuellen Europameeschter a freeë sech op d'Finall e Sonndeg.

Back to Top
CIM LOGO