Futtball-WMNo 2:0-Victoire géint Frankräich: Spuenien steet als 1. Finalist fest

Kevin Kayser
En Dënschdeg den Owend war et e rengen europäeschen Duell an der éischter Halleffinall vun dëser Futtball Weltmeeschterschaft.
D'Spuenier leie sech an den Äerm, nodeem si sech fir d'WM-Finall qualifizéiere konnten.
D'Spuenier leie sech an den Äerm, nodeem si sech fir d'WM-Finall qualifizéiere konnten.
© CHARLY TRIBALLEAU/AFP

Am AT&T Stadium zu Dallas, wou u sech soss d'Cowboys an der NFL hir Heemmatcher spillen, stounge sech en Dënschdeg den Owend 21 Auer eiser Zäit d'Fransousen an d'Spuenier géintiwwer. Frankräich hat sech an der Grupp I mat Norwegen, dem Senegal an dem Irak mat 9 Punkten duerchgesat an hat an de K.O.-Ronne Schweden, Paraguay a Marokko eliminéiert. Spuenien war mat 7 Punkten éischten an der Grupp H mam Cap Vert, Uruguay a Saudi-Arabien ginn an hat dono Éisträich, Portugal an d'Belsch heem geschéckt.

Et war en Duell vun zwee Nopeschlänner, bei deenen awer just eent iwwerzeege konnt: Spuenien. Duerch den Eelefmeter an der éischter Hallschent ware si a Féierung gaangen, wat hinne Stabilitéit a Rou matbruecht huet. Dëst huet sech dono iwwert de ganze Match gewisen an esou war den herrlech erausgespillten 2:0 an der 58. Minutt just eng logesch Konsequenz dovun. Frankräich war an dëser Partie net wierklech geféierlech a spillen dowéinst elo e Samschdeg (23 Auer zu Miami) ëm d'Plaz Dräi, wärend Spuenien e Sonndeg (21 Auer zu New York) ëm d'WM-Kroun spillt. Béid Géigner decidéiere sech e Mëttwoch am Match tëscht England an Argentinien.

De Resumé vum Match

De Match huet lues ugefaange mat villen technesche Feeler op béide Säiten. Et huet een den Ekippen e bëssen d'Nervositéit an dëser Partie, an där et ëm vill geet, ugesinn. Éischten "Highlight" koum no 8 Minutten, wéi de Rabiot dem Olmo un der Grenz vum 16 Meter op de Fouss getrëppelt ass an dofir déi giel Kaart gesinn huet. Aus dem Fräistouss, obwuel en a gudder Positioun war, gouf net vill. De Match ass weider verlaf, datt weder deen een nach deen anere wierklech Fouss faasse konnt. Geännert huet sech dat an der 20. Minutt. Dem Cucurella seng Flank war u sech komplett verzunn an den Digne wollt se klären. Hien huet awer iwwersinn, datt de Yamal vun hanne koum a virun him um Ball war. De Fransous krut de jonke Spuenier ze paken an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. Déi Chance huet sech den Oyarzabal net huele gelooss an am Duell mam Maignan huet hien d'Nerve behalen an de Ball am Gol ënnerbruecht, obwuel de franséische Keeper am richtegen Eck war.

Duerch en Eelefmeter ass Spuenien an der Halleffinall géint Frankräich a Féierung gaangen.
Duerch en Eelefmeter ass Spuenien an der Halleffinall géint Frankräich a Féierung gaangen.
© FLORENCIA TAN JUN/Getty Images via AFP

No der Drénkpaus dunn den éischte Wiessel bei Frankräich, de Saliba war ouni Friemkontakt op de Buedem gaangen an huet verletzt missten eraus. Mam 1:0 am Réck huet Spuenien besser an de Match fonnt an d'Partie ëmmer méi u sech gerappt a wéineg zougelooss. Den éischte Schoss a Richtung Gol vu Frankräich koum an der 36. Minutt duerch de Barcola, deen de Ball awer iwwert de Gol gesat huet. Eng weider Grousschance fir Spuenien gouf et no 38 Minutten no enger schéiner Kombinatioun ass de Ball beim Fabian gelant, deen awer vum Upamecano in extremis um Schoss behënnert konnt ginn. An de leschte Minutte vun der éischter Hallschent, déi vu Spuenien dominéiert gouf an an där Frankräich méi duerch Onpräzisioun opgefall ass, ass net méi vill geschitt.

E Fan hält e Schëld an d'Luucht, op deen de Kylian Mbappé virum Eifeltuerm an de Lamine Yamal virun der Sagrade Familia duergestallt ginn.
E Fan hält e Schëld an d'Luucht, op deen de Kylian Mbappé virum Eifeltuerm an de Lamine Yamal virun der Sagrade Familia duergestallt ginn.
© FRANCK FIFE/AFP

Frankräich war et an dësem Turnéier nach net gewinnt, datt si am Réckstand louchen, an dat huet een och nom Téi gesinn. Si sinn zwar méi aggressiv aus der Vestiaire komm a wollten d'Spuenier méi fréi stéieren, dat huet d'Südeuropäer awer weider guer net aus der Rou bruecht. Dat wuel och, well Frankräich an dësem Ament nach ëmmer d'Präzisioun net erëmfonnt huet a vill Bäll doduerch verluergaange sinn. Wat präzis Päss kënnen ausmaachen, huet Spuenien an der 58. Minutt bewisen. De Ball kënnt bei de Porro, deen en tëscht d'Reien op den Olmo spillt a selwer uleeft. Den Olmo mam Upamecano am Réck spillt de Ball direkt zeréck op de Porro, deen duerch säi Laf fräi virum Maignan optaucht an dësem keng Chance léist. Et war den 2. Gol fir den Ausseverdeedeger an dëser Campagne.

De Ausseverteideger Porro konnt säin 2. Gol bei dëser WM schéissen.
De Ausseverteideger Porro konnt säin 2. Gol bei dëser WM schéissen.
© KEVIN C. COX/Getty Images via AFP

Knapp 3 Minutte méi spéit jubelen déi spuenesch Fans nees, well de Yamal de Ball am Gol ënnerbruecht hat. Ma de Linneriichter stoung gutt an hat gesinn, datt de jonke Superstar vum FC Barcelona am Abseits stoung. No 64 Minutten emol nees eng Chance fir Frankräich, ma aus spatzem Wénkel huet de Simon am Gol vu Spuenien dem Mbappé keng Chance gelooss. Dräi Minutte méi spéit nees de Star vun de Fransousen, ma déi Kéier blockt de Cucurella de Ball, deen dowéinst laanscht de Gol gaangen ass. D'Spill ass dono e bëssen ofgeflaacht a béid Trainer hunn hir Ersatzspiller bruecht. Den Torres, dee grad erakomm war, hat den 3:0 um Kapp leien, de Ball war awer laanscht de Gol gaangen. A Frankräich krut eng gutt Chance, well de Simon sech beim Kläre géint den Mbappé verschätzt hat, ma den Doué huet ze laang gebraucht, dës ze notzen, esou datt de Simon nees um Poste war.

Dës Zeen war e bëssen d'Bild, wat d'Fransousen an dëser Partie ofginn hunn, well wa si emol zu Chance koumen, wéi och nach an der 95. a 97. Minutt duerch den Mbappé an den Dembelé ware si ze ongenee an de Golkipp war op der Plaz oder si waren ze lues a sinn un der Defense hänke bliwwen. Spuenien war an dëser Partie déi besser an däitlech méi konstant Ekipp a séchert sech dowéinst och verdéngt den Ticket fir d'Finall dëse Sonndeg.

Muer den Owend decidéiert sech am Duell tëscht England an Argentinien den zweete Finalist.

Back to Top
CIM LOGO