Public Viewing an engem Clausener PubEngland qualifizéiert sech no Victoire géint Norwege fir d'Halleffinall

Tim Hensgen
D’Majoritéit huet e Samschdeg den Owend an engem traditionelle Café an der Stad den Englänner an der Véierelsfinall géing Norwegen zu Miami d'Daume gedréckt a gouf net enttäuscht.
© Domingos Oliveira

Dausende Leit, déi op enger grousser an zentraler Plaz an enger Stad zesummen e Match op enger riseger Leinwand suivéieren. Dat ass déi modern Versioun vum Public Viewing. An engem Café a Clausen ass een awer nach Old School. Virun allem wat Iwwerdroe vun englesche Futtball an den Dueller vun den Three Lions ugeet.
Alles a roueger a gemittlech Ambiance. An déi stëppelt dacks zu Gespréicher un.

Et ass am Virfeld am Pub vill iwwert Duell vun zwee vun de beschte Stiermer op Welt diskutéiert ginn. Matt sechs Goler hat den Harry Kane virum Duell mat Norwegen ee manner ewéi den Erling Haaland. Mee eng Véierelsfinall bei der WM gëtt net duerch nëmmen ee Spiller decidéiert. Do waren sech Futtballexperten a Clausen eens.

An et war och dem Norweger Schjelderup säin Dramgol, deen d'Partie besser gemaach huet. Dem Bellingham säin Ausgläich an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent huet der Véierelsfinall du richteg Spannung verschaf. Déi zweet Hallschent war voller Spannung an Emotiounen. Den Jude Bellingham huet an der Verlängerung den decisiven 2-1 geschoss. De Profi vu Real Madrid war de Man of the match.

D'Formatioun vum Thomas Tuchel spillt nächste Mëttwoch an der Halleffinall géint Argentinien. Den Drama vum 2. WM-Titel no 1966 ass fir England nach net ausgedreemt.

Back to Top
CIM LOGO