BGL Ligue an der RTL Live ArenaDe kompletten 8. Spilldag vun 20:00 Auer un am Livestream a Liveticker

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend rullt de Ball an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball-Championnat.

E Mëttwoch den Owend gëtt de kompletten 8. Spilldag an der BGL Ligue gespillt. Duerno geet et dann an eng länger Paus. Ënnert anerem well den nächsten Tour vun der Coupe usteet an d'Spilldeeg 1-4 vun der neier Nations-League-Saison gespillt ginn.

De Match-Phare um 8. Spilldag ass d'Partie Nidderkuer géint de Racing. Dëse Match gëtt mat Commentaire iwwerdroen. Déi weider Partië kënnt Dir awer och am Stream an der RTL Live Arena kucken. Wéi gewinnt si mir och op all Terrain am Liveticker dobäi.

Hei fannt Dir d'Kadere vun den Ekippen.


Commentaire: Sam Rickal a Serge Olmo
Start vum Stream: 19.55 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 22.15 Auer

D'Resultater an d'Tabell

Back to Top
CIM LOGO