Virschau op den 8. Spilldag an der BGL LigueEng "englesch" Woch mat Championnat a Coupe

Sam Rickal
Den 8. Spilldag an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball gëtt schonn e Mëttwoch gespillt. De Weekend steet den 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg um Programm.
Souwuel Déifferdeng, hei a rout, wéi och Ettelbréck, hei a wäiss, waarde gespaant op hir nächst Aufgaben.
© Val Wagner

Vun enger "englescher" Woch schwätzt een am Futtball, wann eng oder méi Ekippe bannent 7 Deeg, no hire Partië vum Weekend, och nach e Match an der Woch ze spillen hunn. Doduerch, datt de Weekend den 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg gespillt gëtt, ass den 8. Spilldag am Championnat scho fir e Mëttwoch programméiert.

Eng interessant Affiche ass sécherlech Nidderkuer géint de Stater Racing. Déi Partie kënnt Dir mat Commentaire an der RTL Live Arena kucken. Béid Ekippen trennt an der Tabell ee Punkt, dat op de Plaze 5 respektiv 4. D'Zil ass weiderhi vir drun ze bleiwen, dofir däerf u sech keng Formatioun sech e Feeler erlaben.

Den Tabelleleader Stroossen kritt Besuch vum Opsteiger Rëmeleng. D'UNA huet bis e well nach kee Punkt leie gelooss a steet mat 3 Punkten Avance un der Tabellespëtzt. D'Ekipp vum Stefano Bensi dogéint huet déi lescht 4 Matcher net méi gewonnen. Fir de fréieren 49-fache Lëtzebuerger Nationalspiller ass et donieft de Retour bei säin ale Veräin, deen hie vun November 2024 bis Abrëll 2026 trainéiert hat.

De Coupe-Gewënner Déifferdeng wëll seng 2. Plaz an der Tabell verdeedegen an huet dofir 3 Punkten doheem géint den Tabelleleschten Hesper fest ageplangt. Bis op déi 2:3-Defaite um éischte Spilldag zu Munneref huet den FCD03 all seng Matcher gewonnen. Géint déi aktuell schlechtsten Defense aus dem Championnat, déi well 27 Goler a 7. Spilldeeg geschoss krut, wëll d'Ekipp vum Trainer Pedro Resende sécherlech weider un déi gutt Prestatiounen uknäppen.

No der 1:2-Defaite e Sonndeg doheem géint Stroossen wëll Munneref déi 7. Victoire an der dëser Saison feieren. D'Aufgab ass awer keng einfach, dat auswäerts beim Opsteiger Walfer, dee schonn 12 Punkte sammele konnt. Oppasse muss d'Ekipp aus der Thermalstad op de Walfer Buteur Patrick Macedo, deen ewell 8 Goler an dëser Saison markéiere konnt.

De Champion Biissen kritt et mam Opsteiger Wooltz ze dinn, dee réischt ee Match dës Saison gewonnen huet. Déi 6:0-Victoire zu Rëmeleng huet deene Biisser rëm Confiance ginn. Déi Weeltzer dogéint kruten an hire leschten zwee Auswäertsmatcher 9 Goler geschoss.

12 Punkten huet d'UN Käerjeng scho gesammelt an ass domadder zolidd gestart. Auswäerts beim F91 Diddeleng wëll d'UNK mat dësem Trend weiderfueren. D'Ekipp aus der Forge du Sud trëppelt no engem Remis an enger Defaite liicht op der Plaz a wëll sou séier wéi méiglech Punkte sammelen, fir den Ecart no ënne méi grouss ginn ze loossen.

D'Jeunesse Esch wëll no der batterer 1:5-Defaite e Samschdeg beim Stater Racing eng Reaktioun weisen an trëtt e Mëttwoch auswäerts bei der US Hueschtert genau mat der Missioun un. D'Ekipp aus dem Gréngewald huet mat 10 Punkten aus 7 Matcher kee schlechte Start an d'Saison higeluecht.

En Duell tëscht zwee Tabellennopere gëtt et zu Rouspert. D'Victoria kritt Besuch vun der Ettelbrécker Etzella. Allebéid si mat 4 Punkte punktgläich an der Tabell. Eng Victoire wier fir déi béid Ekippe wichteg, fir Buedem op d'Konkurrenz virun hinne gutt ze maachen.

Alleguer d'Partië kënnt Dir an der RTL Live Arena suivéieren. De Weekend gëtt dann den zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg gespillt.

Back to Top
CIM LOGO