Wann den 11. Juni d’WM an den USA ufänkt. Dann zielt hie sécherlech zu de bekanntste Spiller déi do dobäi sinn.
Den "CR 7 Museu" läit ganz attraktiv direkt um Hafe vu Funchal, der Haaptstad vu Madeira. Déi éischt Säite vun der Erfollegsstory goufen effektiv bei Andorinha Madeira geschriwwen. Hei huet alles ugefaangen a séier war kloer, mat deem Talent gëtt aus deem jonke Borscht e richtege Futtballstar.
Dem Cristiano Ronaldo seng Mentalitéit war et ëmmer, e Profi-Futtballer ze ginn, an hien huet haart trainéiert, fir dat ze erreechen. A jo, säin Dram ass Realitéit ginn an haut ass hien ee vun de bekanntste Spiller vun der Welt.
De Responsabele vum Musée Nuno Mendes verréit eis, dass d‘Iddi fir e Musée vu sengem Brudder koum a mat antëscht zwou Millioune Visiteuren an 12 Joer, ass de Succès perfekt.
Et ass u sech e Famillje-Musée, deen och net vu staatlecher Säit supportéiert gëtt. A mir konnten an de leschte Jore scho ganz vill Visiteuren zielen.
Hei stinn iwwer 200 Coupen, déi de Ronaldo individuell gewonnen huet, awer och déi vun de Veräiner. Dann awer och de Cristiano Ronaldo am 1:1 als Schockelasfigur. Net ze vergiesse sinn Trikote vun him aus ville Matcher a Fanpost aus aller Welt, fir d’Léift an d’Passioun fir hire Star ze ënnersträichen.
Interaktiv gëtt et dann och eng Foto mam Super Star, dee selwer awer ganz seelen a sengem CR7 Museu op Besuch ass. Bis elo grad emol véier Mol.
Leider ass hien nëmme ganz seelen hei op Madeira. Hien ass ëmmer beschäftegt mat Futtball. Awer wann e kënnt, dann ass et e grousst Fest. An hien ass houfreg op seng Heemecht a vergësst seng Wuerzelen net.
Op Madeira an a Portugal ass ee schonn am WM-Féiwer, an hofft, dass et der „Seleçao“ mam Cristiano Ronaldo geléngt, Weltmeeschter ze ginn. Deen eenzegen Titel, deen him bis dato nach feelt.
Mir Portugise gleewen drun, dass mir d'WM gewannen a fir de Ronaldo wär dat e ganz speziellen Titel. A senger Karriär huet e schonn alles gewonnen, just nach keng WM.
Den CR7 Museu zu Funchal op Madeira, der Heemecht vum Ronaldo, ass sécherlech e Besuch wäert, wann een, wéi mir, op der Atlantik-Insel Vakanz mécht.