"Squadra Azzurra" am ËmbrochMat Donnarumma an 19 Debutante géint Lëtzebuerg

Sam Rickal
E Mëttwoch ëm 20:45 Auer spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp e Frëndschaftsmatch géint Italien.
Den italieeneschen Interimstrainer Silvio Baldini preparéiert seng Ekipp op den Duell géint Lëtzebuerg.
Den italieeneschen Interimstrainer Silvio Baldini preparéiert seng Ekipp op den Duell géint Lëtzebuerg.
© LISA GUGLIELMI / LIVEMEDIA / DPPI VIA AFP

En Dënschdeg am fréien Owend lant déi italieenesch Delegatioun zu Lëtzebuerg. An der Suite steet ëm 19:15 Auer déi obligatoresch Pressekonferenz am Stade de Luxembourg um Programm. Den Interimstrainer Silvio Baldini an e Spiller stinn dann der nationaler an internationaler Press Ried an Äntwert.

Am Virfeld vum Frëndschaftsmatch hunn d'Italieener net, wéi een et vun anere Lännermatcher kennt, am Grand-Duché trainéiert, mee nach an Italien zu Florenz.

De "Calcio" ass an der Kris

Déi béid Frëndschaftsmatcher géint Lëtzebuerg a Griicheland wollt Italien u sech notzen, fir sech beschtméiglech op d'Futtball-Weltmeeschterschaft elo am Summer an den USA, Kanada a Mexiko anzespillen. Allerdéngs huet sech den Europameeschter vun 2018 fir déi drëtt Kéier noeneen net fir d'WM qualifizéiert. An der Qualifikatioun koumen d'Italieener am Grupp I nëmmen op déi zweet Plaz, hannert den ongeschloenen Norweger. Am Playoff konnt sech de véierfache Weltmeeschter zwar 2:0 géint Nordirland behaapten, den decisive Match auswäerts a Bosnien-Herzegowina huet een allerdéngs am Eelefmeterschéisse verluer.

Dëst hat als Konsequenz, datt souwuel den Nationaltrainer a Weltmeeschter vun 2006, den Gennaro Gattuso, säi fréiere Co-Equipier an der Nationalekipp a bis viru kuerzem Teamcoordinateur, de Gianluigi Buffon, wéi och de Gabriele Gravina vu sengem Posten als President vun der italieenescher Futtballfederatioun zeréckgetruede waren. Den italieenesche Futtball ass an der Kris, net nëmme wéinst de schlechte Resultater vun der Nationalekipp, mee och wéinst dem schlechten Ofschneide vun den italieenesche Veräiner an den internationale Competitiounen. Donieft awer och wéinst dem Skandal ronderëm den Arbitter-Coordinateur Gianluca Rocchi, deen ënner Verdacht steet, ënner anerem verschidden Decisioune vum Video-Arbitter VAR am italieenesche Championnat beaflosst ze hunn.

D"Squadra Azzurra" ass am Ëmbroch

Déi grouss Zäite vun den Italieener am Weltfuttball schéngen eriwwer ze sinn. Fréier hat déi italieenesch Nationalekipp absolutt Weltklass-Spiller wéi beispillsweis de Roberto Baggio, den Andrea Pirlo, de Franco Baresi, de Fabio Cannavaro oder de Paolo Maldini. Zwar féiert den Gianluigi Donnarumma d'Traditioun vun italieenesche Spëtze-Golkippen nom Gianluigi Buffon an dem Dino Zoff weider, mee Italien feelt et aktuell un internationalem Top-Niveau op deenen anere Positiounen.

Dëst ass ënner anerem de Grond, firwat déi italieenesch Nationalekipp déi zwee Frëndschaftsmatcher géint Lëtzebuerg a Griicheland notzt, fir jonken Nowuesstalenter d'Chance ze ginn, sech ze beweisen. De Silvio Baldini, bis viru kuerzem U21-Nationaltrainer, mécht den Interim bei der A-Ekipp. De 67 Joer alen Italieener, deen an der Vergaangenheet och ënner anerem well den FC Empoli trainéiert huet, huet insgesamt 19 Spiller fir déi éischte Kéier selektionéiert. An dësem Kader, deen en Duerchschnëttsalter vun 21 Joer huet, ass mam Gianluigi Donnarumma zwar ee ganz grouss Numm, donieft awer eng Partie U21-Nationalspiller. Grouss Nimm wéi ënner anerem Tonali, Calafiori, Bastoni, Barella an Dimarco feelen.

Aus der däitscher Bundesliga kennt een ënner anerem de Fabio Chiarodia vu Borussia Mönchengladbach oder de Filippo Mane, de Luca Reggiani an de Samuele Inacio vu Borussia Dortmund. Donieft besteet de Kader haaptsächlech aus Spiller mat groussem Potenzial, déi bei groussen italieenesche Clibb ënner Kontrakt stinn, wéi de Pio Esposito vun Inter Mailand, den Niccolò Pisilli vun der AS Roum oder den Davide Bartesaghi vum AC Milan. Mam Matteo Dagasso ass och ee Co-Equipier vum Seid Korac vum FC Venedeg selektionéiert. Béid Spiller hunn dës Saison zesummen den Opstig an d'Seria A gefeiert. Fir de Rescht sinn eng Partie Spiller mat dobäi, déi 2023 mat Italien U19-Europameeschter goufen. Esou Titele wëllen d'Italieener an Zukunft och nees mat der A-Ekipp feieren, dofir muss och an Zukunft op den italieeneschen Nowuess gebaut ginn.

D'Partie Lëtzebuerg géint Italien kënnt Dir e Mëttwoch mat Virprogramm vun 20.00 Auer un um RTL Zwee, um Radio an um RTL Play live suivéieren.


Italieenesche Kader géint Lëtzebuerg

Gol: Giovanni Daffara (US Avellino), Gianluigi Donnarumma (Manchester City), Lorenzo Palmisani (Frosinone Calcio)

Defense: Honest Ahanor (Atalanta Bergamo), Davide Bartesaghi (AC Milan), Fabio Chiarodia (Borussia Mönchengladbach), Pietro Comuzzo (AC Florenz), Costantino Favasuli (Catanzaro), Niccolò Fortini (AC Florenz), Filippo Mane (Borussia Dortmund), Marco Palestra (Cagliari Calcio), Luca Reggiani (Borussia Dortmund)

Mëttelfeld: Tommaso Berti (FC Cesena), Matteo Dagasso (FC Venedeg), Giacomo Faticanti (Juventus Turin), Luca Lipani (US Sassuolo), Cher Ndour (AC Florenz), Niccolò Pisilli (AS Roum)

Stuerm: Francesco Camarda (US Lecce), Luigi Cherubini (Sampdoria Genua), Jeff Ekhator (CFC Genua), Francesco Pio Esposito (Inter Mailand), Seydou Fini (Frosinone Calcio), Samuele Inacio (Borussia Dortmund), Luca Koleosho (Paris FC)

Back to Top
CIM LOGO