Futtball: Coupe de Luxembourg LIVEDéifferdeng géint Rouspert um 19:20 Auer op RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend gëtt am Stade de Luxembourg d'Finall vun der Coupe am Futtball gespillt.

An der Finall vun der Coupe de Luxembourg am Futtball sti sech e Freideg den Owend Déifferdeng a Rouspert géintiwwer. D'Partie gëtt um 19:30 Auer am Stade de Luxembourg ugepaff.

Vun 19:20 Auer u kënnt Dir d'Coupe-Finall live op RTL ZWEE op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu an RTL Play suivéieren. Op RTL.lu fannt Dir d'Partie och am Liveticker.

Commentaire: Serge Olmo a Gilles Tricca
Interviewen um Terrain: Sam Rickal

Start vun der Liveiwwerdroung: 19:20 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 21:30 Auer

Back to Top
CIM LOGO