
De Futtballspiller zielt zu den Haaptpilieren an der Ekipp vum F91 Diddeleng. De Futtball-Championnat bleift no der Wanterpaus spannend, well tëscht dem Tabelleleader an dem Véierte just 3 Punkten Differenz sinn.
Des Woch ass de Chris Stumpf Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
Well den Tabelleleader a Champion Déifferdeng déi lescht Matcher virun der Wanterpaus e puer Punkte leie gelooss huet, ass de Championnat nees méi no beienee geréckelt. Den F91 huet mat 3 Punkte Réckstand eng gutt Ausgangspositioun fir an der Suite och nach ëm den Titel matzespillen. Et misst een awer op alle Fall dofir suergen, fir op déi europäesch Plazen ze kommen.
Den Ënnerscheed vun Déifferdeng zu deenen aneren Ekippe wier, datt si et als absolut Top-Ekipp och meeschtens fäerdeg bréngen, déi Matcher ze wannen, op deene se villäicht net hire beschten Dag hunn, esou de Chris Stumpf.
De Sprong an eng éischt Ekipp ze packen, ass fir vill Jugendspiller dee schwéiersten an hirer Karriär. Dem Chris Stumpf ass dat deemools zu Käerjeng gelongen, hie koum an eng Ekipp mat enger Partie erfuerene Spiller, déi hien ëmmer motivéiert hunn. Dem geléierte Schoulmeeschter no muss ee virun allem och Gedold matbréngen, well bei deene mannste Spiller am Ufank direkt vill Spillzäit garantéiert wier a genee do muss een dann d’Motivatioun héichhalen.
Nom F91 Diddeleng 2018 an 2019 doe sech d’Lëtzebuerger Ekippe gréisstendeels schwéier, fir an enger Champions-League- oder Conference-League-Qualifikatioun richteg wäit ze kommen. Dat hätt och domat ze dinn, datt déi finanziell Méiglechkeeten net méi esou do si wéi deemools. Bei de Lëtzebuerger Top-Ekippe géifen och déi bescht Spiller de Veräin dacks an der Summerpaus verloossen a fir dann direkt an der Qualifikatioun eng intakt Ekipp ze hunn, wier net esou einfach wéi ee sech dat virstellt.
Dee komplette Podcast mam Chris Stumpf vum F91 Diddeleng fann dir op RTL Play an villen anere Podcast-Plattformen.