
NaiD'Rout Léiwen hunn déi ganz Nations-League-Campagne scho Pech mat Blessuren. Kloer war am Virfeld, datt ënner anerem den Yvandro Borges an de Christopher Martins ausfalen. Kuerzfristeg huet sech virum Optakt a Bulgarien de Seid Korac blesséiert an eeben an den éischten zwee Matcher den Danel Sinani an de Laurent Jans. Keng einfach Situatioun fir den Nationaltrainer Jeff Strasser, deen ëmmer rëm seng Ekipp ëmbaue muss.
Datt dës Saison fir déi éischte Kéier direkt fir den Ufank vun der Campagne 4 Partien, an net wéi gewinnt 2 um Programm stinn, spillen dem FLF-Coach a senger Formatioun net an d'Kaarten.
E Samschdeg wëlle Barreiro, Moris a Co. déi batter 0:3-Defaite géint Island séier vergiesse dinn. Ma d'Aufgab ass och duerch déi vill blesséiert Ausfäll keng einfach, donieft awer och well d'Esten dës Campagne nach ongeschloe sinn. Fir den Optakt gouf et en 1:1-Remis an Island. De leschte Samschdeg huet Estland doheem 0:0 géint Bulgarien gläich gespillt.
Den estesche Kader besteet net aus grousse Staren. An der FIFA-Weltranglëscht sti si op Plaz 127, also 27 Plazen hannert Lëtzebuerg. Zu deene bekanntste Spiller zielen de Golkipp Karl Hein vu Werder Bremen an de Kapitän Karol Mets vum VFL Bochum, donieft awer och den Defenseur Maksim Paskotsi, dee bei KAA Gent an der éischter belscher Divisioun ënner Kontrakt steet.
Insgesamt goufen et 3 Konfrontatioune mat Estland. Dat lescht Duell geet awer an d'Joer 2005 zeréck. Am Stade Josy Barthel hat sech d'Ekipp vum deemolegen Nationaltrainer Guy Hellers, fir deen et ee vu sengen éischte Matcher op der Lëtzebuerger Trainerbänk war, 0:2 misse geschloe ginn. An der selwechter WM-Qualifikatioun ee Joer virdrun hat d'Ekipp vum deemolegen Trainer Allan Simonsen, fir deen et ee vu senge leschte Partien als FLF-Coach war, 0:4 auswäerts de Kierzere gezunn. Um Terrain stoung deemools och den aktuellen Nationaltrainer Jeff Strasser. Komplettéiert gëtt dëse Bilan vun engem 1:1-Remis an engem Frëndschaftsmatch am Joer 2000 am Stade Josy Barthel. De Lëtzebuerger Gol hat de Jean Vanek geschoss.