Accord ënnerschriwwenGérard Lopez verkeeft Girondins de Bordeaux fir de symboleschen Euro

RTL mat AFP
Tëscht Girondins de Bordeaux an dem Fonds Park Bench gouf e Vertrag fir d'Iwwernam vum Veräin ënnerschriwwen. De Gérard Lopez zitt sech offiziell aus dem Club zeréck.
Le président des Girondins de Bordeaux Gerard Lopez, lors d'un point presse au centre d'entraînement du club au Haillan, le 7 juillet 2022
Den Nach-President vu Girondins de Bordeaux Gérard Lopez wärend enger Pressekonferenz am Trainingszenter vum Veräin de 7. Juli 2022.
© AFP

D'Ofkommes, fir de Veräin, dee rezent bis an déi héchst regional Divisioun zeréckgesat gi war, ze iwwerhuelen, gouf tëscht Girondins de Bordeaux an dem britteschen Investmentfong Park Bench e Mëttwoch ënnerschriwwen. Dat huet de Veräin matgedeelt. Duerch dësen Deal kéint een och evitéieren, datt d'Geriicht den Traditiounsclub als Faillite deklaréiert.

"Dës Transaktioun gouf fir de symbolesche Präis vun engem Euro duerchgefouert, woubäi d'Scholden awer iwwerholl goufen", esou de Club an engem Message. Weider gouf annoncéiert, datt déi nei Besëtzer an den nächsten Deeg vun der regionaler Kontrollkommissioun vun der Futtballliga "Nouvelle-Aquitaine" gehéiert wäerte ginn. Dës muss nämlech de Wiessel vun den Aktionären, ewéi och de Budget fir d'Saison 2026/2027 unhuelen. Just dann dierf Bordeaux dës Saison an der Régional 1, wat déi sechst Divisioun a Frankräich ass, untrieden.

Och ass virgesinn, datt déi nei Besëtzer virum Handelsgeriicht hir Pläng, wéi si de Veräin weiderféiere wëllen, presentéieren.

Back to Top
CIM LOGO