
D'Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp huet e Mëttwoch den Owend am Kader vun der EM-Qualifikatioun mat 1:0 op de Färöer Inselen gewonnen. Am Stadion zu Klaksvik war dem Leon Elshan vun der Jeunesse Esch an der 76. Spillminutt den decisive Gol gelongen.
Doduerch konnten d'Rout Léiwen hir Revanche aus dem Allersmatch huelen, deen ee mat 0:1 am Stadion op der Grenz verluer hat. An der Tabell vum Grupp C huet d'Lëtzebuerger U21 elo also siwe Punkten, bleift awer weider op der 5. Plaz vun am Ganze sechs Ekippe stoen.