Lëtzebuerg géint IslandRout Léiwe wëlle géint d'Islänner noleeën

Sam Rickal
En Dënschdeg den Owend spillt d'FLF-Selektioun hiren zweete Match an der Nations League am Stade de Luxembourg ëm 20.45 Auer géint Island.
Tomas Moreira Cruz a Jeff Strasser am RTL-Interview
D'FLF-Selektioun wëll d'Prestatioun vun e Samschdeg géint Island confirméieren

Déi lescht Deeg stoung fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp Regeneratioun um Programm. Donieft gouf awer och den Géigner Island ënner d'Lupp geholl, deen e Samschdeg nëmmen 1:1 doheem géint Estland gläich gespillt huet. D'Rout Léiwe wëllen hir Prestatioun aus dem Match géint Bulgarien en Dënschdeg am Stade de Luxembourg confirméieren. Eng Ënnerstëtzung soll do och de Lëtzebuerger Public ginn. D'FLF-Selektioun muss jo ënner anerem op déi Blesséiert Christopher Martins a Seid Korac verzichten. E Samschdeg huet sech och nach den Danel Sinani schwéier blesséiert.

Op der Pressekonferenz e Méindeg virum Match goufen et keng Infoen iwwer dem Danel Sinani seng Blessur. Weder de Jeff Strasser, nach de Marc Diederich vun der FLF wollten e medezineschen Update ginn, well et nach Detailer ze reegelen ginn. Eng Operatioun ass am Ausland geplangt. De Spiller vu Sampdoria Genua wäert op alle Fall eng Zäit ausfalen.

Bilanz géint Island

9 Mol krut et d'FLF-Selektioun an der Vergaangenheet mat Island ze dinn. Et goufe véier Remisen. Déi eenzeg Lëtzebuerger Victoire geet zeréck an d'Joer 2023. An der remarkabeler EM-Qualifikatioun virun zwee Joer konnte sech d'Rout Léiwen duerch Goler vum Maxime Chanot, dem Yvandro Borges an dem Danel Sinani 3:1 heiheem behaapten. An der Retourpartie e Mount méi spéit gouf et en 1:1-Remis, de Gol hat de Gerson Rodrigues markéiert.

D'Islänner waren déi lescht Joren am Ëmbroch. Déi wuel bekanntsteSpiller sinn den Orri Oskarsson vun Real Sociedad an den Hakon Arnar Haraldsson vum OSC Lille. Mam Isak Johannesson vum 1. FC Köln, dem Stefan Teitur Thordarson vun Hannover 96 an dem Jon Dagur Thorsteinsson vun Hertha BSC Berlin spillen och eng Rëtsch Spiller an Däitschland.

Am Alter vu 37 Joer ass mam Gylfi Sigurdsson e weidert bekannt Gesiicht aus dem internationale Futtball am Kader vun Island. Aktuell spillt hie bei Víkingur Reykjavík an der éischter islännescher Divisioun. Bekannt ass de Sigurdsson awer duerch seng Zäit bei der TSG Hoffenheim an der däitscher Bundesliga oder bei Swansea City, Tottenham an Everton an der englescher Premier League.

Déi lescht zwee Dueller mat Island a Biller
D'Resuméë vum Tom Flammang an dem Roland Mersch.

Back to Top
CIM LOGO