1:3 huet sech Inter Mailand d’lescht Woch an Norwegen misse geschloen. Virun allem d’Héicht vum Resultat war géint u sech traditionell defensiv staark Italieener iwwerraschend. Doheem am San Siro wëll den Finalist vum leschte Joer d’Resultat dréinen. Datt dat méiglech ass, huet Inter an der Vergaangenheet scho bewisen. Eng Eliminatioun wier u sech een Desaster. D’Victoirë vu Bodo/Glimt géint ënner anerem Manchester City an Atlético hunn awer bewisen, datt d’Norweger zu allem capabel sinn.
Paul Philipp: “Déi Mass ass nach net gelies. Dat gëtt net einfach, fir den Inter vu Mailand. Et huet ee gemengt, et géif eng Ëmbroch-Saison ginn, dat ass et am Moment net. Wann een hir Resultater an der Serie A kuckt, si si 10 Punkte virun deem Zweeten am Moment. Mee et gëtt net einfach géint déi norwegesch Ekipp, déi déi lescht dräi Matcher gewonnen hunn. Si hu géint d’Manchester City doheem gewonnen, da si si auswäerts Atlético wanne gaangen, fir sech iwwerhaapt fir de Play-Off ze qualifizéieren. Ech muss awer soen, wann Inter géif géint Bodo/Glimt erausfalen, da géif awer e klengt Donnerwieder zu Mailand lassgoen.”
Bei der 1:0-Victoire vu Real Madrid géint Benfica Lissabon stoung nieft dem Resultat och déi presuméiert rassistesch Beleidegung vum Gianluca Prestianni géintiwwer dem Vinicius Junior am Mëttelpunkt. Eng Woch méi spéit ass do nach keng Decisioun getraff. Keng méiglech Diskussioune wëllen d’Madrilenen awer an der Retourpartie doheem géint Benfica opkomme loossen. Och wann et de Weekend am spuenesche Championnat eng 1:2-Defaite zu Osasuna gouf.
Paul Philipp: “E Real, wou ee mengt, si géife lues a lues eng Ekipp ginn. De Weekend koum awer deen nächsten Contre-Coup. Zu Osasuna huet si 1:2 verluer. Et feelt een einfach e richtegen 9er, wou den Mbappé, wou de Vinicius, den Arda Güler sech kënnen drop stäipen. Déi offensiv Automatismen sinn inexistent.”
Inter Mailand géint Bodo/Glimt en Dënschdeg an Real Madrid géint Benfica Lissabon e Mëttwoch kënnt Dir vun 20.45 Auer un um RTL Zwee, um RTL Play an um RTL.lu kucken.