Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans: "Et ass immens schéin, mam Veräin dohin zréck ze goen, wou ee war, wéi ech deemools fortgaange sinn"

Sam Rickal
SK Beveren ass e Sonndeg an déi éischt belsch Divisioun opgestigen. An der aktueller Saison hu Jans a Co. nach kee Match verluer.
De Laurent Jans am RTL-Interview iwwer den Opstig an déi 1. belsch Divisioun
Beveren huet e Sonndeg 4:1 auswäerts bei Patro Eisden gewonnen an duerch den 1:1-Remis vu Beerschot war den Opstig du fix.

No 2021 ass SK Beveren zréck an der ieweschter Divisioun am belsche Futtball. D’Ekipp ronderëm de Kapitän Laurent Jans konnt sech e Sonndeg 4:1 auswäerts bei Patro Eisden behaapten. Duerch de spéiden Ausgläich vu Molenbeek beim bis dohin Tabellendrëtten Beerschot war den Opstig fix. Och wann et d’Spiller vu Beveren direkt nom Match nach net woussten.

Laurent Jans: “Mir sinn nom Match bei eis Supporter gaangen an hu mat eise Fans gefeiert. Aus dem Näischt ass eng Euphorie opkomm op den Tribünen. Si sinn do an d’Gittere gesprong, hu gejubelt a mat de Fanger 1:1 gewisen. Mir Spiller waren e bësse perplex, well mir gemengt hunn, de Match zu Beerschot wär eriwwer. Mir hate guer net méi gekuckt. An dunn huet eisen Teammanager séier um Handy de Match ugemaach a mir hunn dunn nach déi lescht Minutten eebe verfollegt. Wéi dunn do de Schlusspaff koum, do war dat natierlech eng riseg Euphorie.”

No 24 Matcher ass den Opstig elo fix. An dëser Saison ass Beveren nach ongeschloen, wat den Opstig fir de Laurent Jans nach méi speziell mécht. Nach sinn 8 Matcher ze spillen, bei engem Ecart vun 21 Punkten op den Tabellendrëtten. Genau do koum eng extra Reegel am belsche Championnat an d’Spill, déi dozou bäigedroen huet, datt Beveren den Opstig net méi ze huelen ass.

Laurent Jans: “An der Belsch ass eeben net d’Golverhältnis, wat zielt wéi a villen anere Championnater. Mee et ginn eeben déi gewonne Matcher gekuckt. Den Drëtten kann net méi op déi selwecht Unzuel vu gewonne Matcher komme wéi mir. D’Aart a Weis mécht et absolutt nach méi speziell. Well wann een dee Parcours kuckt, dee mir grad maachen, dat ass wierklech net selbstverständlech. 21 Matcher gewonnen, 3 Remisë vu 24, dat ass wierklech exzeptionell. A wat do dee ganze Staff, all d’ Spiller, dee ganze Veräin op Been gestallt huet, dat ass wierklech enorm.”

Am Summer 2024 ass de Laurent Jans vu Waldhof Mannheim aus der drëtter däitscher Liga zeréck bei Beveren gewiesselt, bei deenen hie scho vun 2015 bis 2018 gespillt hat. Deemools nach ënnert dem Numm “Waasland-Beveren”. D’Léift zu sengem éischte Profiveräin ass ëmmer bliwwen. Ëm sou méi speziell ass et fir den 119-fache Lëtzebuerger Rekordnationalspiller e puer Joer méi spéit als Kapitän vun der Ekipp opzesteigen. De Club huet zanter 2021 op den Opstig gewaart.

Laurent Jans: “Ech hunn ëmmer gesot, wéi ech zeréckkomm sinn, datt dat wierklech eng Häerzensugeleeënheet ass. Ech wollt onbedéngt zeréckkommen an ech wollt onbedéngt dem Veräin hëllefen, dohin zeréckzegoen, wou mir waren, wéi ech fortgaange sinn, well dat awer ëmmer e bëssen d’Zil war. Si wollten onbedéngt erëm erop. An et mierkt ee wierklech am ganze Veräin, datt dat eng Euphorie bei den Zuschauer ass, datt se et wierklech net kënnen erwaarden, erëm dohin zeréckzegoen. Dofir ass et fir mech natierlech och immens emotional. Ech soen ëmmer, dat ass e bësse Fussball-Romantik. Do wou alles ugefaange hutt, erëm zréckzegoen an déi éischt Liga, wat awer natierlech ee formidabele Championnat ass. A fir mech perséinlech natierlech eng ganz schéi Geschicht.”

De leschte Spilldag am Championnat spillen de Laurent Jans a SK Beveren de 17. Abrëll auswäerts géint Seraing. No den zwee Matcher vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp am Mäerz an der Nations League géint Malta hätt de Kapitän vun de Roude Léiwen u sech Paus bis Juni, éier dann zwee Frëndschaftsmatcher fir d’FLF-Selektioun um Programm stinn. D’Géigner sinn aktuell nach net bekannt. Sécher ass awer, datt Beveren bis an de spéide Mee eran weider trainéiert. No dëser Saison leeft dem Laurent Jans säi Kontrakt beim belschen Opsteiger aus. Den 33 Joer alen Defenseur wëllt awer weiderhi spillen, am léifsten zu Beveren.

Laurent Jans: “Fir d’éischt emol spieren ech mech physesch immens gutt. Ech mengen, vun deene 24 Matcher stoung ech och 24 Mol um Terrain. Ech hunn ëmmer ugefaangen. Ech war relativ verletzungsfräi. Dat ass fir all Spiller natierlech immens wichteg, datt d’Gesondheet virun allem mol matspillt. Ech hat och scho Gespréicher mam Veräin. Et war natierlech elo alles e bësse méi roueg, well eeben elo ganz wichteg Matcher ustoungen. Mir wollten den Opstig als Éischt emol kloer maachen. Virun allem déi nächst Woche ginn déi Gespréicher intensivéiert mat de Verantwortlechen. Et ass natierlech alles oppen. Dofir géif et mir natierlech eng immens Freed maachen, nach weider hei ze bleiwen. Mee dat muss een elo an der noer Zukunft kucken.”

Back to Top
CIM LOGO