Enquête wéinst VergewaltegungenFranséische Sänger Patrick Bruel seet Concerten op Festivallen dëse Summer of

RTL Lëtzebuerg
Géint de 67 Joer ale franséische Sänger a Schauspiller gëtt aktuell wéinst Vergewaltegungsvirwërf enquêtéiert.
Géint de 67 Joer ale franséische Sänger a Schauspiller gëtt aktuell wéinst Vergewaltegungsvirwërf enquêtéiert.
© BASTIEN OHIER/Hans Lucas via AFP

De Patrick Bruel huet seng Concerten op verschiddene Festivallen dëse Summer ofgesot. Dat huet seng Produktiounsfirma matgedeelt. D'Decisioun wier geholl ginn, fir d’Rou op deene Manifestatiounen net ze stéieren. Ënnert anerem e Benefiz-Concert vun der Kënschtlergrupp "Enfoirés" wier betraff. De Veranstalter no wéilt hien d'Hëllefsorganisatioun "Restos du Coeur" net belaaschten.

Verschidde Festivalsorganisateuren hätte gesot, dass Drock op si géing gemaach ginn. "Aus Grënn vun der Deeskalatioun a vun der Verantwortung huet de Patrick Bruel dowéinst an Ofsprooch mat de Festivalorganisateuren d'Decisioun geholl, déi vu Juni bis September geplangte Concerten ofzesoen."

Och dräi Concerten, déi fir den Dezember zu Paräis geplangt waren, wieren ofgesot. Dem Patrick Bruel seng aner Concerten am Oktober an November géingen awer bäibehale ginn.

Géint de Bruel gëtt a Frankräich wéinst dem Virworf vun enger Rei Vergewaltegungen ermëttelt. An der Belsch leeft ausserdeem ee Prozess wéinst sexueller Aggressioun. De Schauspiller a Sänger weist d'Virwërf zeréck an huet schonn ugekënnegt, nees optrieden ze wëllen, wa seng Onschold bewise wier.

Back to Top
CIM LOGO