Futtball-WMAlles, wat Dir wësse musst

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend fänkt déi gréisste Futtball-Weltmeeschterschaft vun allen Zäiten un.
© CHANDAN KHANNA/AFP

Vum 11. Juni bis den 19. Juli kämpfen an den USA, Mexiko a Kanada fir d'éischte Kéier 48 Nationalekippen ëm de WM-Titel – esou vill wéi nach ni virdrun. Stounge soss wärend der WM 64 Matcher um Programm ginn dës Kéier 104 Partien an 39 Deeg gespillt, dat verdeelt op 16 Stadien an dräi Länner.

Véier Länner si fir d'éischte Kéier mat dobäi: Jordanien, Cap Vert, Usbekistan a Curaçao – mat ronn 156.000 Awunner dee klengste Participant an der WM-Geschicht.

Op RTL.lu hale mir Iech bis den 19. Juli iwwer d'Futtball-WM um Lafenden. An eisem speziellen Dossier fannt Dir e Liveticker, Noriichten, den Iwwerbléck vun den Ekippen, de Programm, d'Resultater a Statistiken.

Déi wichtegst Eckdaten op ee Bléck

  • Optakt vun der WM: 11. Juni 2026, Mexiko-Südafrika, 21 Auer (MESZ)
  • Finall: 19. Juli 2026, MetLife Stadium, New York/New Jersey, 21 Auer
  • Organisateuren: USA, Mexiko a Kanada
  • Ekippen: 48 Natiounen opgedeelt op 12 Gruppen
  • Matcher insgesamt: 104
  • Stadien: 16
  • Dauer vun der WM: 39 Deeg

Neie WM-Modus

Anstatt aacht Gruppe ginn et elo 12 Gruppe mat jeeweils véier Ekippen. Aus all Grupp qualifizéiere sech déi zwou bescht Ekippen direkt fir d'K.o.-Ronn. Dobäi kommen déi aacht bescht Gruppendrëtt aus allen 12 Gruppen.

Wéi kënnt een als Gruppendrëtte weider?

Am Artikel 13 vun de FIFA-Statutte steet wéi sech d'Topp8 vun de beschte Gruppendrëtt zesummesetzt. Krittär Nummer eent sinn déi an der Gruppephas gesammelt Punkten. Krittär Nummer zwee ass d'Goldifferenz an de Gruppematcher, duerno gëtt d'Unzuel u markéierte Goler gekuckt.

Wann no dësen dräi Krittären Ekippen nach ëmmer gläich op sinn, decidéiert de Fairplay-Ranking, duerno d'Placéierung an der Weltranglëscht.

Wien den Titel wëll, muss siwe Victoirë bannent 39 Deeg feieren.

Nei bei dëser WM: D'1/16-Finallen als zousätzlech K.o.-Ronn virun den 1/8-Finallen.

  • Gruppephas: 11.–28. Juni
  • 1/16-Finallen: 28. Juni–4. Juli
  • 1/8-Finallen: 4.–7. Juli
  • 1/4-Finallen: 9.–12. Juli
  • 1/2-Finallen: 14.–15. Juli
  • Finall: 19. Juli

Déi 12 Gruppen am Iwwerbléck

A: Mexiko, Südafrika, Südkorea, Tschechien (D'Gruppevirschau fannt Dir hei)
B: Kanada, Schwäiz, Katar, Bosnien-Herzegowina
C: Brasilien, Marokko, Schottland, Haiti
D: USA, Paraguay, Australien, Tierkei
E: Däitschland, Côte d'Ivoire, Ecuador, Curaçao
F: Holland, Japan, Schweden, Tunesien
G: Belsch, Ägypten, Iran, Neiséiland
H: Spuenien, Uruguay, Saudi-Arabien, Cap Vert
I: Frankräich, Norwegen, Senegal, Irak
J: Argentinien, Éisträich, Algerien, Jordanien
K: Portugal, Kolumbien, Uzebikstan, DR Kongo
L: England, Kroatien, Ghana, Panama

Wou gespillt gëtt

Mexiko (3 Stadien)

  • Mexiko-Stad – Aztekenstadion
  • Guadalajara – Estadio Akron
  • Monterrey – Estadio BBVA

Kanada (2 Stadien)

  • Toronto – BMO Field
  • Vancouver – BC Place Stadium

USA (11 Stadien)

  • New York/New Jersey – MetLife Stadium
  • Dallas/Arlington – AT&T Stadium
  • Atlanta – Mercedes-Benz Stadium
  • Houston – NRG Stadium
  • Los Angeles – SoFi Stadium
  • Boston/Foxborough – Gillette Stadium
  • Miami – Hard Rock Stadium
  • Weider Stadien: San Francisco, Seattle, Kansas City a Philadelphia
Back to Top
CIM LOGO