De Pep Guardiola huet als Trainer vu Manchester City demissionéiert. Dat huet de Veräin e Freideg an der Mëttesstonn op de Soziale Medie matgedeelt.
"Déif bannendra weess ech, datt et dat war", sot de Guardiola, deen dëse Samschdeg géint Aston Villa eng leschte Kéier fir City un der Säitelinn stoe wäert. Domat geet seng Amtszäit vun 10 Joer op en Enn, an deenen hien am Ganzen 20 Titel wanne konnt. Dorënner sechs Mol den englesche Championstitel, fënnef Mol de Carabao Cup, dräi Mol den FA Cup an och ee Mol d'Champions League. 2023 war him domat den Triple mat Manchester City gelongen.
Wien den Trainerstull iwwerhëlt, gouf net direkt matgedeelt.