Fir WM-Qualifikatiounsmatcher vun den DammenFLF-Kader fir Partië géint Belsch steet, Amy Thompson nees mat dobäi

Serge Olmo
Am spéide Freidegmoie war am Siège vun der FLF d’Presentatioun vum Kader vun der Futtball-Dammennationalekipp fir d'WM-Qualifikatiounsmatcher géint d'Belsch.

D'Rendez-vouser déi ustinn, sinn de 5. an 9. Juni. Den Aller-Match gëtt zu Louvain gespillt, de Retourmatch 4 Deeg drop zu Esch. D'Selektioun gouf vum Trainerduo Cristina Correia/Daniel Zirbes nominéiert a presentéiert.

Am Kader vun de Lëtzebuergerinne sinn 10 Spillerinnen net méi dran am Verglach zum duebelen Duell géint Israel am Abrëll. Déi Spillerinnen, déi dobäi stoussen, waren awer schonn emol am FLF-Kader.

Am Abrëll war d'Laura Miller, d'Kapitänin, initial net am Kader, mee war dobäi gestouss fir déi 2. Partie no enger auskuréierter Verletzung.

Vun den 10 neie Spillerinnen, déi am Kader sinn, fält besonnesch op, datt d'Amy Thompson no Verletzung nees zréck ass. Déi effikasst Lëtzebuerger Nationalspillerin hat jo annoncéiert, no der Campagne e Schlussstréch ënnert hir international Carrière ze zéien. D'Andreia Machado an d'Rita Leita sinn och nees fit. D'Edina Kocan konnt am Abrëll aus beruffleche Grënn net matmaachen an ass elo nees am Kader.

Fir d'Matcher géint d'Belsch feele munch Spillerinne wéinst Examen, wéi d'Amal Cherkane. D'Leila Schmit feelt aus private Grënn an d'Rachel Kirps muss nach mat Elversberg an den Asaz. Wéi scho géint Schottland a géint Israel feelt weider déi wichteg Stiermerin Caroline Jorge.

No véier Defaiten aus de véier éischte Partië stinn deemno zwee schwéier Rendez-vousen u géint eis Noperen. D'"Red Flames" sinn am FIFA-Ranking déi stäerkst aus dem Lëtzebuerger Grupp a sinn am Klassement virun den zwee leschte Matcher vun der Qualifikatioun op der 2. Plaz punktgläich mat Schottland. Déi belsch Nationalekipp wëll deemno net nëmme gewannen, mee wa méiglech esou héich et geet.

De komplette Kader am Detail fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO