
E 37 Joer ale Rostock-Supporter war kuerz virum Schluss vun der Partie op den Zonk vun der Visiteurstribün geklotert an hat d'Gläichgewiicht verluer. Hien ass doropshin e puer Meter an d'Déift gefall an huet sech dobäi liewensgeféierlech Blessuren zougezunn. Wéi d'Saarbrécker Police elo matdeelt, ass hien en Donneschdeg am Spidol u sengen uerge Verletzunge gestuerwen. No enger Auswäertung vu Videoopnamen, gëtt eng Friemawierkung ausgeschloss, esou nach d'Police.
Hansa Rostock hat d'Partie mat 4:3 fir sech entscheet. An de soziale Reseauen huet de Veräin aus Norddäitschland e Bäileedsmessage publizéiert.