
Déi nächst Saison wäert an der héchster japanescher Liga eng ganz besonnesch ginn. Net nëmmen, datt a Japan dann schonn zanter 100 Joer Veräinsfuttball gespillt gëtt, mä et wäerten och verschidde Reegelupassunge fir d’Fans an d’Spiller agefouert ginn. Dëst ass alles am Kader vun der “100 Year Vision League”.
Eng vun de stäerkste Ligen an Asien wäert säi Spillprogramm méi un den europäesche Modell upassen, esou datt d’Saison schonn am August wäert upassen. Well dëst awer eng gréisser Verännerung wäert ginn, gouf decidéiert, fir vum Februar bis Juni eng “Iwwergangssaison” ze spillen. Am Summer ass jo och d’Weltmeeschterschaft an den USA an do mussen d’Spiller jo fit sinn.
Fir méi Spektakel wäert dann dës Reegelännerung suergen, déi elo mol extra fir déi verkierzten Iwwergangssaison agefouert gëtt: Wéi schonn a villen US-Amerikanesche Sportaarten, muss eng Ekipp als Gewënner vum Terrain goen. Japan wëll awer evitéieren, datt et och an der Liga permanent Verlängerunge ginn, dowéinst gouf decidéiert, datt, sollt no 90 Minutte keng Ekipp als Gewënner feststoen, een dann direkt an d’Eelefmeterschéisse geet.
Dat richtegt Neit ass awer d’Punkteverdeelung, well et ginn der egal wéi 3 verginn. Sollt eng Ekipp no 90 Minutten als Gewënner feststoen, esou kritt dës déi 3 Punkte guttgeschriwwen, de Géigner geet mat 0 Punkten Heem. Wann et awer bis an d’Eelefmeterschéisse geet, kritt de Verléierer sécher 1 Punkt, de Gewënner muss sech da mat 2 Punkten zefridde ginn. Dëst soll wuel eng Motivatioun sinn, fir d’Partie an der regulärer Spillzäit iwwer d’Bün ze bréngen, änlech, wéi et am Äishockey de Fall ass.
Dës Reegelupassung ass elo mol just fir d’Iwwergangssaison gëllen an dem aktuelle Stand no ass geplangt, datt een am August nees op de bekannte System soll zeréckgoen. “Soll” ass hei dat wichtegt Wuert, well esouwuel déi offiziell vun de Veräiner an der J-League, wéi och d’Verantwortlech vun der Federatioun wäerten e Bléck drop werfen, wéi dës Reegelupassunge wäert bei Fans a Veräiner ukommen.
An och fir d’FIFA ass et en interessanten Test, well et bei der internationaler Futtballfederatioun ëmmer nees Stëmme gëtt, déi d’Gläichspiller wëllen ofschafen. Domadder kéint dës verkierzt Iwwergangssaison a Japan e wichtegen Test fir de ganzen internationale Futtball ginn, well hei eventuell de Punktesystem vun der Zukunft “iwwergangsweis” agefouert gouf.