
An der zweeter Bundesliga huet Greuther Fürth eng weider Néierlag kasséiert a bleift um Wupp vun der Tabell. Am Auswäertsmatch zu Kaiserslautern stoung et no 90 Minutten 0:1 aus der Siicht vum Aiman Dardari sengem neie Veräin. De Lëtzebuerger gouf an der 70. Minutt agewiesselt, wéi et schonn 0:1 stoung.
Eng Etage méi wäit uewen, an der Bundesliga, koum St. Pauli am Auswäertsmatch zu Leverkusen mat 0:4 ënnert d’Rieder. D’Werkself huet kuerze Prozess mat der Ekipp vum Danel Sinani gemaach, deen de Match duerchgespillt huet, dës Kéier awer keng Akzenter fir seng Ekipp setze konnt. St. Pauli bleift domat 17. an der Tabell.
Al Khaleej, de Veräi vum Anthony Moris, kann net méi gewannen. Et war de fënnefte Match hannerteneen, wou d’Ekipp aus der saudi-arabescher Liga keng dräi Zieler geraf huet. Um 22. Spilldag ass en 1:1 géint Al Riyadh erausgesprongen. Domat verléiere si ëmmer weider den Uschloss un d’Topp 6. De Moris stoung 90 Minutten um Terrain.
An der hollännescher Eredivisie hätt et eigentlech zu engem Duell tëscht zwee Lëtzebuerger solle kommen, mee den Yvandro Borges ass wéinst Krankheet ausgefall. Den Enes Mahmutovic duerft sech um Enn mat Breda iwwer dräi Punkte freeën. Si hunn den Auswäertsmatch bei Heracles Almelo 1:0 gewonnen. Den decisive Gol ass an der 80. Minutt no engem Eelefmeter gefall. De Mahmutovic gouf kuerz viru Schluss agewiesselt. Et war och en Duell tëscht dem Virleschten an dem Leschten an der Tabell. Mat der Victoire spréngt Breda op d’Relegatiounsplaz an Almelo ass neie Leschten.
Den FC Venedeg behält seng Tabelleféierung an der zweeter italieenescher Liga an huet weider gutt Chancen, an d’Serie A opzesteigen. De Seid Korac koum bei der 4:0-Victoire géint den AC Cesena net an den Asaz.
D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.
An der portugisescher Liga huet sech Benfica Lissabon mat 2:1 géint Santa Clara behaapt. Benfica huet de ganze Match iwwer kloer den Toun uginn, war virum Gol awer ze oneffizient. Dofir blouf de Match bis zum Schluss spannend. De Leandro Barreiro stoung an der Startformatioun an huet duerchgespillt. No enger gudder hallwer Stonn war de Lëtzebuerger Nationalspiller am Strofraum gefall a wollt en Eelefmeter, den Arbitter huet dësen awer verweigert. Benfica bleift an der Tabell op der drëtter Plaz an huet an dëser Saison nach kee Match verluer.