Futtball-Championnat: BGL LigueBiissen klappt Diddeleng an ass neien Zweeten

RTL Lëtzebuerg
Den Trainerwiessel zu Rodange huet sech am éischte Match net bezuelt gemaach. Mamer sammelt nei Hoffnung am Ofstigskampf.
© Fernando Bernardino

Am Spëtzematch vum Sonndeg huet sech Biissen mat 2:0 géint Diddeleng duerchgesat. Wéinst dem Gläichspill vu Stroossen géint Rouspert spréngt Biissen domat op déi zweet Plaz, ass awer punktgläich mat der UNA. Diddeleng fält op déi véiert Plaz, huet awer just zwee Punkte Réckstand.

De Match hat e bësse gebraucht, fir op Temperatur ze kommen, mee no 15 Minutte war de Motor bei béiden Ekippen op Touren. An enger ganz ënnerhalsamer éischter Hallschent hu sech déi zwou Formatiounen déi eng oder aner Golchance erausgespillt. An der 41. Minutt huet de Gavioli mat enger onglécklecher Aktioun de Ball an den eegene Filet geschoss. Nodeems et fir den Ufank vun der zweeter Hallschent ugefaangen hat mat schneien, gouf et fir d’Spiller net méi einfach, mat de Buedemverhältnisser kloerzekommen. Déi geféierlech Aktiounen hu sech meeschtens no Standardsituatiounen ofgespillt. Biissen huet sech op d’Verteidege konzentréiert an Diddeleng koum net duerch. Aus dem Näischt ass an der 89. Minutt den zweeten an decisive Gol fir d’Lokalekipp gefall.

Resumé vum Match Biissen géint Diddeleng

Dass Rodange den Trainer gewiesselt huet, huet am éischte Match ënnert dem neie Chef un der Säitelinn Fahrudin Kuduzovic näischt bruecht. No der batterer Néierlag géint Hueschtert d’lescht Woch hat sech den FCR91 vu sengem Trainer Mehdi El Alaoui getrennt. Am Match géint Kanech hat et am Ufank gutt fir d’Lokalekipp ausgesinn, mee d’Gäscht sollten de Match bannent fënnef Minutte gedréint kréien a konnten nach virun der Paus en drëtte Gol dropsetzen. Mam véierte Kanecher Gol an der 62. Minutt war de Match decidéiert. D’Heemekipp konnt keng geféierlech Golchancen erausspillen, wärend d’Gäscht op Konter gewaart an dës genotzt hunn.

Am Match tëscht Stroossen a Rouspert si keng Goler gefall an den Tabelleleschte Mamer konnt géint d’Escher Jeunesse dräi wichteg Punkte géint den Ofstig sammelen. Mamer huet domat just nach ee Punkt Réckstand op Rodange a Péiteng.

E Samschdeg hat Déifferdeng seng éischt Plaz an der Tabell mat enger 2:0-Victoire beim Racing confirméiert.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Atert Biissen - F91 Diddeleng 2:0
1:0 Gavioli (41', Eegegol), 2:0 Rodrigues da Cruz (89')

UNA Stroossen - Victoria Rouspert 0:0

FC Rodange 91 - Jeunesse Kanech 1:4
1:0 Civovic (13'), 1:1 Desevic (21'), 1:2 Costa (25'), 1:3 Desevic (43'), 1:4 Aguiar (62')

UN Käerjeng - US Munneref 1:3
0:1 Tinelli (12'), 1:1 Mabwati (15'), 1:2 Kumbi (87'), 1:3 Lopes (90'+3)

FC Mamer 32 - Jeunesse Esch 2:1
1:0 Teles Santos (72'), 2:0 Muric (74'), 2:1 Jonathans (90'+2)

Progrès Nidderkuer - Swift Hesper 1:1
0:1 Kaloga (29'), 1:1 Baradji (53')

US Hueschtert - Union Titus Péiteng 2:0
1:0 Al Badaoui Sabri (53'), 2:0 Caufriez (56')


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO