Den Iwwerbléck vum internationale FuttballStuttgart, Chelsea an Atlético Madrid baue positiv Serien aus

RTL Lëtzebuerg
Barcelona spréngt no der Victoire géint Oviedo nees un d'Tabellespëtzt.
© MARIUS BECKER/dpa Picture-Alliance via AFP

Bundesliga

Gladbach - Stuttgart 0:3
0:1 Leweling (30'), 0:2 Scally (67', Eegegol), 0:3 Undav (74')

De VfB Stuttgart hëlt verdéngtermoossen dräi Punkte vu Gladbach mat heem. D’Fohlen haten an der 13. Minutt d’Méiglechkeet op den 1:0, mee den Tabakovic huet de Gol vum Eelefmeterpunkt leie gelooss. Duerno hat Stuttgart méi vum Match a konnt an der 30. Minutt a Féierung goen. Bis an d’Paus huet de VfB d’Féierung geréiert, huet nom Säitewiessel awer méi Drock opgebaut a koum no 68 gespillte Minutten no engem Corner zum zweete Gol. Kuerz drop ass de Schwaben souguer den drëtte Gol gelongen, woumat den Deckel drop war; och well Gladbach an der zweeter Hallschent komplett ofgemellt war. Fir Gladbach ass et déi 10. Néierlag an dëser Saison, Stuttgart bleift mat den 3 Punkten uewen drun.

Freiburg - Köln (17.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Crystal Palace - Chelsea 1:3
0:1 Estevao (34'), 0:2 Joao Pedro (50'), 0:3 Fernandez (64', Eelefmeter), 1:3 Richards (88')

De positiven Trend vum FC Chelsea ënner dem neien Trainer Rosenior geet weider, Crystal Palace geréit dogéint ëmmer méi no ënne kucken. An der éischter Hallschent kruten d’Spectateuren net vill Golchancen ze gesinn, mee de Gol vum Estevao no engem Solo iwwer den hallwen Terrain war net onverdéngt. Chelsea huet seng éischt Chance am zweeten Duerchgang direkt fir den 2:0 genotzt a war domat sou gutt wéi op der Gewënnerstrooss. Eng Véierelstonn méi spéit kruten d’Blues en Handeelefmeter zougesprach, deen de Fernandez verwandelt huet. Crystal Palace konnt um Enn nach e bësse fir Kosmetik suergen.

Newcastle - Aston Villa 0:2
0:1 Buendia (19'), 0:2 Watkins (88')

Aston Villa huet ech vun der Néierlag géint Everton gutt erholl an dat opstriewend Newcastle United mat 2:0 geklappt. Duerch dës Victoire bleift d’Ekipp vu Birmingham mat 46 Zieler punktgläich mat Manchester City an a Schlagdistanz zum Tabelleleader Arsenal London.

Arsenal - Manchester United (17.30 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Bergamo - Parma 4:0
1:0 Scamacca (15', Eelefmeter), 2:0 De Roon (24'), 3:0 Raspadori (73'), 4:0 Krstovic (90'+2)

Juventus Turin - Neapel (18.00 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Nantes - Nice 1:4
0:1 Cho (16'), 0:2 Cho (29'), 0:3 Diop (40'), 1:3 Mostafa Mohamed (45'+2), 1:4 Louchet (90'+3)

Metz - Lyon (17.15 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Atlético Madrid - Mallorca 3:0
1:0 Sörloth (22'), 2:0 Lopez (75', Eegegol), 3:0 Almada (87')

D’Serie vun Atlético geet weider. Dës Victoire war de fënnefte Match ouni Néierlag hannerteneen. D’Rojiblancos hunn awer nach 7 Punkte Réckstand op de Lokalrival Real Madrid op Plaz 2. D’Victoire géint Mallorca stoung am Ufank op wackelege Been, mee duerch eng Leeschtungssteigerung an der zweeter Hallschent war se um Enn verdéngt. Ganz kuréis war den Eegegol zum 2:0. No enger Atlético-Flank gouf de Ball beim Degagement un de Kapp vun engem mallorquinesche Spiller geschoss, a vun do aus ass de Ball am Gol gelant.

FC Barcelona - Oviedo 3:0
1:0 Olmo (52'), 2:0 Raphinha (57'), 3:0 Lamine Yamal (73')

No enger éischter Hallschent, an där sech Barcelona immens schwéier gedoen huet, haten d’Gäscht vun Oviedo d’Barça-Spiller gutt am Grëff. Eréischt nom Säitewiessel koum Barcelona zu sengem gewinnte Spill a konnt bannent 6 Minutten zwee Goler markéieren; och well Oviedo matgehollef huet. Den drëtte Gol vum Yamal per Säitfallzéier war eppes fir d’Galerie, an domat war den Deckel och drop.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO