Handball: Damme-ChampionnatDéifferdeng a Museldall léisen Ticket fir d'Halleffinall

Yannick Glod
En Donneschdeg waren d'Retourmatcher vun de Véierelsfinalle bei den Dammen. Déifferdeng a Museldall hu sech eng zweet Kéier géint Dikrech respektiv de Standard behaapt.
© Val Wagner (Archiv)

D’Red Boys Déifferdeng an den HB Museldall qualifizéiere sech ouni grouss Problemer fir d’Halleffinallen. Do wäerte si op den amtéierende Champion HB Käerjeng respektiv op den HB Diddeleng, de Coupegewënner vun 2025, treffen, déi scho qualifizéiert sinn. Domat bleiwen déi véier éischt Ekippen, déi dës Saison bis elo dominéiert hunn, ënnert sech.

Nodeems d’Déifferdenger Dammen de leschte Samschdeg scho mat 35:21 kloer géint de Chev Dikrech gewonnen haten, hu si och am Retourmatch um Donneschdegowend näischt ubrenne gelooss. Mat 34:19 hunn déi Rout d’Ekipp aus der Ieselstad carrement iwwerrannt. Den Dikrecher Trainer Philippe Hansen krut domat net den erhoffte Kaddo fir säi Gebuertsdag.

D’Gäscht hu ganz fréi kloergemaach, dass si keng Loscht op en drëtte Match haten, a louchen no enger Véierelstonn scho mat 6 Goler vir. No engem Resultat vu 15:10 an der Paus huet Déifferdeng säi Virsprong kontinuéierlech ausgebaut - déi maximal Avance louch bei 18 Goler. Kuerz viru Schluss huet sech d’Laura Melchior, déi bis dohi mat 7 Goler bescht Buteuse vun de Red Boys war, bei enger Aktioun an der Defense méi schwéier blesséiert. Ob si hirer Ekipp an der Halleffinall hëllefe kann, bleift ofzewaarden.

Genee wéi Déifferdeng huet och den HB Museldall sengem Géigner keng Chance ginn, d’Rudder nach eng Kéier u sech ze rappen an en drëtte Match ze erzwéngen. Virun enger Villzuel u matgereeste Miseler Spectateuren, déi hir Ekipp tatkräfteg ënnerstëtzt hunn, ass d’Ekipp vum Trainer Jeff Paulus mat 26:17 géint den HC Standard als Gewënnerin vum Terrain gaangen.

Spéitstens no 20 Minutte war kloer, dass de Standard eng ganz staark Leeschtung op den Terrain zaubere misst; do stoung et schonn 10:6 fir d’Gäscht. De Score vun 10:13 an der Paus huet d’Hoffnung aus der Siicht vun de Stater nach e bëssen um Liewe gehalen, mee 10 Minutte méi spéit war beim Stand vun 11:18 kloer, dass et fir si net duergoe sollt. De Museldall huet seng Avance ëmmer weider ausgebaut a konnt dobäi op 9 Goler vun der senegaleesescher Nationalspillerin Raïssa Dapina zielen.

De Chev Dikrech an den HC Standard däerfe sech trotz de kloren Néierlagen doriwwer freeën, d’nächst Saison op en Neits an der AXA League ze spillen.

An der Halleffinall trëfft Déifferdeng op Diddeleng an de Museldall kritt et mat Käerjeng ze dinn. Domat ergëtt sech kuriéiserweis déi selwecht Konstellatioun wéi am Final4 vun der Coupe de Luxembourg Enn Abrëll. D’Matcher ginn den 28. Mäerz an den 11. Abrëll gespillt. Falls en drëtte Match néideg wär, géif deen den 18. Abrëll stattfannen.

Back to Top
CIM LOGO