HandballDiddeleng geheit d'Red Boys aus der Coupe

Yannick Glod
Dëse Weekend goufen am nationalen Handball d'Véierelsfinallen an der Coupe gespillt. Mat Bierchem steet och den Titelverdeedeger an der Halleffinall. Bei den Dammen hu sech d'Favoritten duerchgesat.
© Serge Olmo

Hären

De Match Diddeleng géint Déifferdeng koum eigentlech een oder zwee Tier ze fréi. Et war de Match tëscht den aktuell zwou beschte lëtzebuergeschen Ekippen. No zwee Gläichspiller am Championnat konnt den HBD mam 32:27 déi éischt Victoire an dëser Saison feieren. Bei der Red Boys, fir déi et déi éischt Néierlag op nationalem Niveau dës Saison war, stoung den Elledy Semedo no laanger Verletzungszäit nees um Terrain.

D’Lokalekipp hat am Ufank hir Schwieregkeeten, well Déifferdeng déi séier Ugrëff vum HBD gutt verhënnert krut. Technesch Feeler a Parade vum Déifferdenger Golkipp Jarrar koumen op Diddelenger Säit och nach dobäi. Sou konnt d’Red Boys sech tëschenzäitlech mat 3 Goler ofsetzen (7:4 no 10 Minutten). D’Fiiss krute sech awer no 12 Minutte gefaangen a konnten an der 15. Minutt den Ausgläich markéieren. Och de Golkipp Mika Herrmann hat säin Undeel dorun, dass Diddeleng erukoum an an der 22. Minutt souguer déi éischt Kéier zënter dem 1:0 a Féierung goe konnt.

Déifferdeng huet sech an de leschte Minutte virun der Paus schwéier gedoen a koum net méi sou einfach duerch d’Diddelenger Defense. Dräi Goler vum Itua Etute an ee vum Josip Ilic virun der Paus hunn dofir gesuergt, dass den HBD mat 19:16 an d’Kabinne goung.

Nom Säitewiessel konnt sech Diddeleng séier op 5 Goler ofsetzen, wourop Déifferdeng no enger Auszäit mat enger Manndeckung op d’Etute-Bridder reagéiert huet. Dat huet de Schwong aus dem Diddelenger Spill geholl an et war een op Eenzelaktiounen ugewisen. D’Gäscht waren ab der 45. Minutt nees op ee Goler drun, ënnerstëtzt vun engem staarke Guillaume Felici, deen am zweeten Duerchgang fir den Hakim Jarrar erakoum.

An der Crunchtime koum e bëssen Hektik an d’Déifferdenger Spill a si hu vill technesch Feeler agestreet. Dovu konnt den HBD profitéieren a sech entscheedend ofsetzen. D’Resultat vun 32:27 gesäit um Enn méi kloer aus, wéi de Match war. Den Itua Etute huet 10 Goler bäigesteiert an och de Mika Herrmann am Gol huet säi Bäitrag geleescht. D’Fiiss stinn nees am Final4, deen Enn Abrëll an der Coque ausgedroe gëtt, an dierfen op den éischte Coupegewënn zënter 2013 hoffen.

© Serge Olmo

Den amtéierende Coupegewënner HC Bierchem steet no engem Kraaftakt an der Halleffinall. Am Auswäertsmatch beim HB Käerjeng stoung et no 60 Minutten 41:36. Déi éischt Hallschent war ausgeglach a keng Ekipp konnt sech entscheedend ofsetzen. Op Käerjenger Säit war virun allem den Ognjen Jokic mat 7 Goler an der éischter Hallschent déi dreiwend Kraaft - um Enn koum hien 9 Goler. Mat 18:18 goung et an d’Kabinnen, mee nom Säitewiessel huet Bierchem den Tempo ugezunn a sech lues a lues ofgesat. Ab der 43. Minutt haten d’Réiserbänner eng Avance vun dräi Goler an hunn dës bis zum Schluss nach ausgebaut.

E Sonndeg treffen nach Péiteng an Esch openeen. Fir de Match tëscht Dikrech an dem Standard ass nach keen Datum ugesat.

Dammen

De Coupgewënner vun 2025, den HB Diddeleng, steet eng weider Kéier am Final4 vun der Coupe de Luxembourg. D’Ekipp vum Trainer Mikel Molitor huet sech beim 32:26 géint den HC Standard am éischten Duerchgang awer immens schwéier gedoen a louch quasi déi ganz Zäit hannen. Eréischt en 3:0-Laf um Enn huet dozou geféiert, dass Diddeleng mat engem 14:13 an d’Paus goung. Dëse Schwong huet den HBD mat an d’zweet Hallschent geholl a konnt sech bis an d'45. Minutt eng komfortabel Avance vu 5 Goler erausspillen. Um Enn war et eng kloer Victoire. Diddeleng huet d’Méiglechkeet, säi véierte Coupetitel hannerteneen ze gewannen.

D’Déifferdenger Dammen hu beim 53:16 géint den HC Atert Réiden näischt ubrenne gelooss a gi sou lues e Stammgaascht am Final4. Am drëtte Match huet sech den HB Museldall kloer 31:16 beim HB Esch behaapt

De leschten Ticket gëtt e Sonndeg tëscht Dikrech a Käerjeng ausgespillt.

D’Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Hären

Dammen

Back to Top
CIM LOGO