Handball-ChampionnatDéifferdeng wënnt géint Esch a bleift an der Liga ongeschloen

Yannick Glod
Diddeleng a Bierchem hunn hir Matcher gewonnen, sou dass den Ecart an der Tabell d'selwecht bleift. Bei den FLH-Damme stoung dës Woch e Stage um Programm.
© Screenshot

Hären

D’Red Boys Déifferdeng bleift weiderhin den Nonplusultra am Lëtzebuerger Handball an huet och am 17. Match kee Punkt ofginn. Géint den HB Esch stoung et no 60 Minutten 32:28 fir den amtéierende Champion, d’Resultat ass um Enn awer e bëssen ze héich ausgefall a gouf dem Escher Asaz net gerecht. Déifferdeng behält seng 5 Punkten Avance op Diddeleng a kënnt der Titelverdeedegung ëmmer méi no. Den Escher war den Ausfall vum Spillmaacher Pol Kirsch (Aarm gebrach) unzemierken.

No enger enker éischter Hallschent, wou d’Féierung hin an hier gesprongen ass, war et mat 13:11 fir déi Rout an d’Kabinne gaangen. Dat sollt och bis an d'53. Minutt esou bleiwen, duerno ass den Escher d’Loft ausgaangen an d’Red Boys konnt den decisiven Ecart maachen. Trotz de ville Goler konnten d’Golkipper op béide Säiten (Felici a Jarrar fir Déifferdeng, Menster a Costa Figueira fir Esch) zäitweis optrompen a staark Parade weisen. Bei Déifferdeng sëtzt zënter zwee Matcher de Martin Hummel, de fréieren Diddelenger Trainer, als Co-Trainer op der Bänk an ënnerstëtzt de Marc Breser.

Den HB Diddeleng war bei 5 Punkte Réckstand op d’Red Boys zum Gewanne verdaamt, fir seng Chance op den Titel um Liewen ze halen. Beim däitlechen 48:30 géint den HB Käerjeng hunn d’Männer vum Trainer Dusko Bilanovic näischt ubrenne gelooss. Domat konnt Käerjeng de Schwong aus der Victoire géint Bierchem vu leschter Woch net mathuelen.

Dräi Spiller hunn dësem Match hire Stempel opgedréckt. Bei de Fiiss hunn den Itua Etute (17) an de Josip Ilic (13) zesummen 30 vun den 48 Goler geschoss. Bei Käerjeng koum den Ognjen Jokic nees op 12 Goler. No enken éischten 20 Minutte (14:13) huet Diddeleng e Laf gestart a bis an d’Paus nach 10 Goler dropgeluecht, sou dass et mat 24:17 an d’Kabinne goung. Och duerno hunn déi Blo net labber gelooss an eppes fir d’Golverhältnis gemaach.

No der onerwaarter Néierlag géint Käerjeng virun enger Woch kann den HC Bierchem just nach mat vill Gléck d’Meeschterkroun erueweren. D’Réiserbänner hu 7 Punkte Réckstand op den Tabelleleader Déifferdeng. Géint den HC Standard huet d’Ekipp vum Marko Stupar hir Aarbecht erleedegt a 26:22 gewonnen. D’Gäscht hu vun Ufank u kloer gemaach, dass si de Stater keng Chance op eng Iwwerraschung géifen, an hate sech séier eng komfortabel Avance erausgespillt an dës bis zum Schluss gehalen. D’nächst Woch treffen d’Réiserbänner op den Tabelleleader.

An der Relegatioun konnt sech d’Esperance Rëmeleng um Freidegowend dank engem 6:1-Laf kuerz virun der Paus um Enn souverän 28:24 beim HB Leideleng behaapten. E Samschdeg huet de Chev Dikrech beim 40:20 géint den HB Miersch näischt ubrenne gelooss. Béid Ekippen, déi ëm de Verbleif an der AXA League spillen, si mat zwou Victoiren no zwee Spilldeeg voll am Soll.

Am drëtte Match tëscht dem HB Péiteng an dem HBC Schëffleng hunn déi Schwaarz-Giel déi éischt Punkten an der Relegatioun agefuer. No enger serréierter éischter Hallschent huet den HBP d’Schëfflenger Krokodille kloer mat 36:30 heemgeschéckt.


Dammen

Leschte Weekend war d’Tëscheronn vum Titel-Playoff a vun der Relegatioun am Dammechampionnat op en Enn gaangen. Well dës Woch international Qualifikatiounsmatcher um Plang stoungen, huet d’FLH-Selektioun dës Deeg fir e Stage genotzt. Den Nationaltrainer Michel Scheuren hat dofir 15 Spillerinne beruff, musst awer wéinst insgesamt 11 Ofsoen oder Blessure vu gestanene Spillerinne vill jonk Talenter noselektionéieren. Grav ass den Ausfall vun der Laure Flener. D’Golkippesch vum TV Aldekerk 07 aus der drëtter däitscher Liga huet sech den Ielebou gebrach a wäert laang ausfalen.

Am Gespréich mat RTL huet sech de Michel Scheuren awer zefridde mam Stage gewisen an huet dat gutt Matschaffe vu senge Spillerinnen iwwer déi lescht Deeg ervirgestrach. De Léiergang gouf e Freideg mat engem Frëndschaftsmatch zu Uewerkuer géint Yutz HB zu Uewerkuer ofgeschloss. D’FLH-Spillerinnen haten d’Ekipp aus der franséischer Nationale 1, déi och eng Kooperatioun mam groussen Noper Metz HB fleegen, de ganze Match iwwer am Grëff an hu 34:30 gewonnen.

Wärend d’Lëtzebuergerinnen an der Qualifikatioun fir d’EM 2026 nokucke mussen, sinn d’Belsch a Bosnien-Herzegowina mat vun der Partie. D’Noperen aus der Belsch duerfte sech beim 26:25 géint Nordmazedonien iwwer hir éischt Victoire iwwerhaapt an der zweeter Quali-Phas freeën. D’FLH-Ekipp hat am éischten Tour zejoert zweemol géint d’Black Arrows verluer.

E puer Lëtzebuerger, a speziell d’Käerjenger, hunn de Match tëscht Bosnien an Italien intensiv suivéiert. D’Zorana Jurcevic, Golkippesch beim HB Käerjeng, gouf eng éischt Kéier fir d’Nationalekipp vun hirem Heemechtsland selektionéiert an huet mat 11 Paraden zu der 28:25-Victoire géint d’Squadra Azzurra bäigedroen.

Back to Top
CIM LOGO