
Bei den Häre war et den Optakt vum Playoff, an do kéint sech de Championnat schonn decidéiert hunn. Duerch d’Victoire vu Bierchem géint Diddeleng huet d’Red Boys Déifferdeng scho 5 Punkte Virsprong op béid Verfollger a ka sech zwou Néierlagen erlaben. Bierchem an Diddeleng mussen hir Matcher géint d’Ekipp aus der Cité du Fer gewannen, fir nach Champion kënnen ze ginn.
Den HC Bierchem huet de Spëtzematch, an deem béid Defensen net gutt opgeluecht waren, géint den HB Diddeleng 38:37 gewonnen. Eréischt Enn Januar hate sech béid Ekippen 30:30 getrennt. D’Réiserbänner waren ënner Zuchzwang, fir nach eng Chance op de Championstitel ze behalen. Éier de Match ugepaff gouf, gouf mat enger Gedenkminutt dem laangjärege Bierchemer Spiller Jeannot Braun geduecht, deen och 27 Matcher fir d’Nationalekipp gespillt huet. Hie war virun e puer Deeg verscheet.
De ganze Match iwwer konnt sech keng Ekipp méi wéi 3 Goler ofsetzen, sou dass et mam Stand vu 37:37 an déi lescht Spillaktioun goung. Do konnt den Ex-Diddelenger Slobodan Evracanin den entscheedende Gol fir d’Réiserbänner markéieren. De Raphael Guden war nees eng Kéier mat 13 Goler beschte Buteur vu senger Ekipp, mee och den Diddelenger Itua Etute konnt mat 11 Goler mathalen. Säi blesséierte Brudder Ojié huet wuel gespillt, et huet een him ugemierkt, dass hien net a vollem Besëtz vu senge Kräfte war.
D’Néierlag vun Diddeleng spillt der Red Boys Déifferdeng voll an d’Kaarten. Den amtéierende Champion huet sech souverän 38:30 géint den HB Käerjeng duerchgesat. Déi Rout hate vun Ufank un d’Iwwerhand an hate sech no 16 Minutte schonn eng Avance vu 6 Goler (12:6) erausgespillt. Dëse Virsprong sollte si och no der Paus (18:11) laang halen, mee tëscht der 38. an der 45. Minutt koum Käerjeng bis op 3 Goler erun. Déifferdeng konnt sech duerno duerch d’Goler vum Da Cruz Guerreiro awer nees eng komfortabel Avance erspillen an déi éischt Punkten am Playoff asäckelen. Käerjeng sinn och déi 12 Goler vum Ognjen Jokic net duergaangen.
Den HB Esch huet den HC Standard beim 34:30 zu Bouneweg an der Gitt gehalen. D’Féierung huet iwwer 40 Minutten hin an hier gewiesselt, éier sech Esch fir d’éischt mat 3, du mat 6 Goler ofsetze konnt, wat spillentscheedend war. De Standard hat an dëser Phas mat enger duebeler Ënnerzuel ze kämpfen. Den Escher Felix Werdel huet mat sengen 13 Goler ervirgestach.
An der Relegatioun steet den éischte Spilldag eréischt d’nächst Woch un.
Um zweetleschte Spilldag vum Playoff hu sech d’Diddelenger Dammen eng weider däitlech Néierlag agefaangen - an nees géint de Rekordmeeschter. Am Auswäertsmatch beim HB Käerjeng stoung et no 60 Minutte 26:15 fir d’Lokalekipp, déi domat d’Tabell elo eleng uféieren a gutt Chancen hunn, fir sech direkt fir d’Halleffinall ze qualifizéieren.
Anescht wéi an de leschte Matcher war den HBD an den éischte Minutte gutt am Spill a konnt d’Partie 15 Minutte laang ausgeglach gestalten (6:5), mee uschléissend ass bei de Fiiss näischt méi zesummegelaf a Käerjeng konnt sech bannent fënnef Minutten op fënnef Goler ofsetzen (11:6). Dëse Virsprong hunn déi Gréng bis an d’Paus op 8 Goler (15:7) ausgebaut. Virun allem d’Daria Milek war gutt opgeluecht. Diddeleng ass et am zweeten Duerchgang net gelongen, de Réckstand ze verkierzen, a Käerjeng louch véier Minutte viru Schluss souguer eng Kéier 10 Goler vir.
No zwou Néierlagen um Stéck konnten d’Déifferdenger Dammen nees eng Victoire feieren. Beim HB Museldall huet sech d’Ekipp vum Trainer Michel Scheuren mat 30:28 behaapt. D’Red Boys si virum direkten Duell d’nächst Woch punktgläich mat Diddeleng. An dësem Match wäert sech decidéieren, wien als Zweeten direkt an d’Halleffinall anzitt. De Museldall huet bis elo all seng Matcher am Playoff verluer a muss an der Véierelsfinall géint eng Ekipp aus der Relegatioun untrieden, fir seng Chance op den Titel ze behalen.
D’Féierung ass bis an d'40. Minutt hin an hier gewiesselt, mee du konnt sech Déifferdeng mat engem 6:0-Laf entscheedend ofsetzen (19:24). D’Lola Scheuren, d’Sarah Kupke an d’Lily Melchior hunn an dëser Phas Verantwortung iwwerholl. Dräi Minutte viru Schluss war de Match nees enk, wéi d’Miselerinne bis op zwee Goler dru waren, mee d’Goler vun der Noémie Hoffmann an der Fiona Carrara sollten net duergoen, fir awer nach gläichzestellen.
De Chev Dikrech huet sech um zweetleschte Spilldag vun der Relegatioun däitlech mat 41:22 géint den HB Esch duerchgesat. D’Ekipp aus der Ieselstad steet punktgläich mat Standard un der Tabellespëtzt a béid Ekippe si fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert a steigen an d’AXA League op. Nächst Woch decidéiert sech am direkten Duell, wéi eng Ekipp d’Relegatioun als Tabellenéischten ofschléisst.
Den HC Atert Réiden huet eng weider Kéier Forfait erkläert, woumat den HC Standard kampflos zwee Punkte guttgeschriwwe krut. De Match gouf mat 20:0 fir d’Stater gewäert.