
E Freideg Owend huet sech am Handball den HC Standard als lescht Ekipp fir d’Halleffinall vun der Coupe qualifizéiert. Déi Bouneweger hunn zu Dikrech mat 34:25 gewonnen.
An der Paus war de Favorit scho 14:8 am Avantage.
Den Alen Zekan mat 9 Goler an den Thomas Dubois mat 8 Goler waren d’Garante fir de Succès vum Standard. Den 23. Abrëll wäert am Final Four den HB Diddeleng de Géigner vun deene Bouneweger sinn, wou et dann zu engem Duell vun de Zekan-Bridder wäert kommen. An der anerer Halleffinall treffen den HC Bierchem an den Handball Esch openeen.