
Lass geet den Titel-Playoff bei den Hären den 21. Februar. Da kritt et ënner anerem den HC Bierchem doheem mam HB Diddeleng ze dinn. De Champion an Tabelleleader Déifferdeng spillt auswäerts beim Handball Käerjeng. De leschte Spilldag ass fir den 23. Mee programméiert. D’Red Boys spillen dann doheem géint Diddeleng. De Weekend virdrun kréien déi Déifferdenger Besuch vu Bierchem.
Donieft gouf och de Spillprogramm fir den Opstig-Playoff annoncéiert. De CHEV Dikrech spillt ënner anerem den 28. Februar auswäerts beim HBC Schëffleng. D’Esperance Rëmeleng dogéint beim HB Péiteng. Den 23. Mee steet d’Decisioun fest, wien of- an opsteigt. Dikrech spillt dann doheem géint Rëmeleng.