Handball: EM 2028Rout Léiwe mat Schweden an der Qualifikatiounsgrupp

Yannick Glod
En Donneschdeg war zu Lissabon d'Auslousung vun der Qualifikatioun fir d'Hären-Europameeschterschaft 2028. Nieft Schweden trëfft Lëtzebuerg nach op Nordmazedonien a Griicheland.
© Fernand Schmitz (Archiv)

En Donneschdeg den Owend war zu Lissabon d’Auslousung vun der Qualifikatioun fir d’Hären-Europameeschterschaft. Dës Oplag wäert a Spuenien, Portugal an an der Schwäiz ausgedroe ginn. Lëtzebuerg kritt et an der Grupp 8 mat Schweden, Nordmazedonien a Griicheland ze dinn. 32 Ekippe waren op véier Dëppe verdeelt.

Lëtzebuerg war automatesch fir d’Gruppephas qualifizéiert, well et an der leschter Qualifikatioun fir d’EM 2026 och bis dohi komm war. Do haten d’Rout Léiwen awer géint Kroatien an Tschechien jeeweils zweemol verluer, géint d’Belsch gouf et eng Victoire an eng Néierlag, soudass um Enn déi véiert Plaz erauskomm war.

De Favorit an der Grupp ass ganz sécher Schweden. Zu dem Kader gehéieren international Toppspiller wéi de Felix Clar, Jim Gottfridson, Andreas Palicka oder Lukas Sandell. De fënneffachen Europameeschter wäert fir d’Rout Léiwe wuel schwéier ze knacke ginn. Bis elo gouf et nach ni en offizielle Match tëscht béiden Ekippen. Lëtzebuerg an Nordmazedonien ware fir d’lescht an der Qualifikatioun fir d’EM 2024 openeegetraff.

Géint Griicheland huet d’FLH-Selektioun zënter 2017 net méi gespillt. Hei wäert et wuel en Erëmgesi mam fréieren Escher Golkipp Petros Boukovinas ginn. De Griich spillt mëttlerweil an der zweeter däitscher Bundesliga beim HSC 2000 Coburg.

De Vize-Europameeschter Däitschland kritt et iwwerdeems an der Grupp 7 mat der Belsch, Italien an der Slowakei ze dinn. Eis Noperen aus Frankräich spillen an der Grupp 6 géint Polen, Rumänien a Lettland.

Um Enn qualifizéiere sech just 20 vun den insgesamt 32 Ekippen fir d’Turnéier, well d’Organisateure Spuenien, Portugal an d’Schwäiz scho qualifizéiert sinn. Den aktuellen Europameeschter Dänemark ass och automatesch spillberechtegt. Déi zwou éischt Ekippen aus all Grupp sinn direkt fir déi 17. Europameeschterschaft qualifizéiert, dobäi kommen nach déi véier bescht Drëttplacéiert.

Déi éischt Qualifikatiounsmatcher ginn Ufank November ausgedroen. D’Europameeschterschaft 2028 wäert vum 13. bis den 30. Januar 2028 gespillt ginn.

Déi éischt Europameeschterschafte waren 1994 a Portugal an 1996 a Spuenien - et ass also eng Zort “Back to the roots” fir d’Europäesch Handball-Federatioun (EHF). D’Responsabel vun der EHF haten och ee Moment mam Gedanke gespillt, Matcher am renovéierte Futtballstadion vu Real Madrid, dem Estadio Santiago Bernabeu, auszedroen, um Enn wäerten d’Arenen awer eng Nummer méi kleng ausfalen.

FLH trëtt Grassroot-Charter bäi

Am Kader vun der Auslousung hunn och véier nei Federatiounen, dorënner d’FLH, d’Grassroot Charter vun der EHF ënnerschriwwen. Dës Charta soll den Handball scho bei Kanner am klengen Alter méi populär maachen. Des Weidere geet et ëm Zesummenaarbecht op europäeschem Plang.

Back to Top
CIM LOGO